Saison-Virschau bei den Dammen (+ Video-Interview mam Thierry Kremer)

Lescht Saison war bei den Dammen um leschte Spilldaag vun der regulärer Saison den Taschenrechner gefrot. Eng ganz Rei vun Ekippen konnten sech nach fir d’Play-offs qualifizéieren, et koum op direkt Dueller an souguer op Punktendifferenz un. Allgemeng hunn déi meescht Ekippen op engem ähnleche Niveau gespillt. Och fir des Saison kann een eng spannend Saison erwarden an vill Ekippen, déi ähnlech staark anzeschätzen sinn. Betounen muss een, dass nëmmen 9 Ekippen an der Total League vun de Fraen aktiv sinn, wouduerch eng Ekipp jeweils spillfräi ass un engem Spilldaag.

 

Fir Schlagzeilen hunn virun e puer Wochen « d’greens », also de Gréngewald Hueschtert gesuergt. De Veräin wäert Lëtzebuerg op europäescher Bühn (Euro Cup) vertrieden, 2 Matcher géint Namur, dat den 9. an 17. Dezember. D’Ekipp vum Trainer Hermann Paar kann och als en vun de Favoriten genannt ginn am Hibléck op nächst Saison. Mam Alex Louin ass eng Spillerin erem zeréck bei d’Ekipp komm, déi d’Ekipp virun 2 Joer zum Titel geworf huet. Zweet Profispillerin ass d’Reili Richardson, donieft gouf mam Jo Oly eng talentéiert Spillerin op de Gréngewald geholl, d’Ambitiounen beim Veräin sinn sécherlech héich.

Als aktuelle Champion geet d’Etzella Ettelbréck an d’Saison. D’Zil wäert et beim Veräin aus dem Norden sinn, den Titel elo um Terrain ze gewannen. Mat enger kaum verännerter Ekipp (Trainer Zoric an Profispillerin Jovanovic hunn de Vertrag verlängert) geet et an d’Saison, eenzeg déi 2. Profispillerin huet mam Daisa Alexander geännert.

Dem T71 ass mat der Verpflichtung vum Nadia Mossong en Transfert-Coup gelong. D’Nationalspillerin huet d’Profikarriär ofgeschloss an spillt elo zu Diddeleng. Mam Shalonda Winton steet eng Profispillerin weiderhin am Kader, dobäi kennt mam Pele Gianotti eng néi Spillerin. D’Ekipp em d’Catherine Mreches huet eng Mëschung aus jonken an erfuerene Spillerinnen an den Trainer Jérôme Altmann wäert probéieren, mat den Diddelenger Fraen zu den Topekippen an der Liga ze gehéieren.


Weiderhin zum Kreess vun de Favoriten zielen d’Musel Pikes, och wann lescht Saison d’Verpassen vun de Play-offs eng grouss Enttäuschung war. D’Ekipp em d’Opbauspillerin Cathy Schmit ass sécherlech dozou fäheg, uewen matzespillen, virun allem wann déi 2. Profispillerin Mikayla Ferenz besser an d’Ekipp passt wéi d’Profispillerin vun leschter Saison. Mam Bridget Yoerger bleift eng Profispillerin dem Veräin tréi, Carole Sitz an Laure Diederich sinn erfueren Spillerinnen, déi wëssen, wéi een spanennd Matcher gewënnt.

Héich Ambitiounen huet och de Basket Esch. Mam Nadine Grieb an Tatsiana Liktharovich bleiwen d’auslännesch Spillerin un Bord, e pur jonk Spillerinnen waarden elo drop eng méi grouss Roll an der Ekipp ze iwwerhuelen. Fir besonnesch Statistiken ass d’Liktharovich bekannt, esou huet d’Profispillerin lescht Saison e puer Mol mat engem « triple double » iwwerzeegt, et wäert interessant ze kucke sinn, op d’Spillerin an der 2. Saison zu Lëtzebuerg nach zouleeën kann. Um Trainerstull huet sech och näicht geännert, do ass weiderhin den Vincent Gevrey aktiv.


Vill Ännerungen gouf et bei der Résidence Walfer. Néi Trainerin ass d’Tara Booker, dat vun Hesper op Walfer wiesselt. Mat him kommen zweou Spillerinnen vum Holleschbierg, nämlech Lina Fapranzi an Nora Hermes. Well och nach Geschwëster Emma an Lea Colbach vun Hiefenech komm sinn, ass de Kader an der Breet verstärkt ginn. Weiderhin dobäi sinn mam Amanda Cahill an Samatha Logic 2 Profispillerinnen, déi iwwerzeege konnten an wëssen, wat an der Total League op si durkënnt, wat sécherlech e Virdeel kéint ginn.

Bei der Amicale Steesel sëtzt mam Thierry Kremer e Lëtzebuerger op der Trainerbänk, deen keen Geheimnis draus mécht, dass d’Ambitiounen zu Steesel héich sinn (wéi hien och am Video-Interview seet). Mam Alexandra Williams an Frankie Wurtz soll dat richteg Profiduo fonnt ginn sinn, Jalila R’Biaa verstärkt de Kader an der Breet.

Pech an der Virbereedung hat den AB Contern, déi däitsch Profispillerin Leonie Edringer huet sech schlëmm verletzt an muss ersat ginn. Tranerin ass weiderhin d’Fabienne Fuger an d’Ekipp em d’Lou Mathieu wäert probéieren, eng Platz an de Play-offs ze erkämpfen. D’Play-offs kéinten och fir d’Ekipp vun der Sparta Bartréng eng Zilsetzung sinn, och wann een lescht Saison net konnt mat de beschten Ekippen mathalen. Mam Hailey Leidel an Jamee Swan steet e néi Profiduo zur Verfügung, op dat natirlech vill Verantwortung durkënnt. Den Trainer Tom Kries well sécherlech och e pur jonk Spillerinnen den Durchbroch bei den Dammen erméiglechen.

De neie Modus
Allgemeng kann een deemno davun ausgoen, dass d’Matcher bei den Dammen extrem spanennd ginn, d’Ekippen sinn no beieneen vun der Kaderstärkt hir an d’Play-offs sinn fir quasi all d’Veräiner d’Minimalzil. An dëse Play-offs spillen déi 8 bescht Ekippen 1 mol géinteneen, duerno gëtt – genee ei bei den Hären – am Modus 1 géint, 2 géint 7, 3 géint 6 an 4 géint 5 gespillt, woubäi just d’Finall am « best of 5 »-Modus gespillt gëtt, déi éischt 2 Ronnen am « best of 3 ».

Den Tabellennéngten spillt an enger 4-er-Ronn géint déi 3 stärkst Ekippen aus der Nationale 2. D’Punkten ginn ob 0 gesat an no 6 Matcher spillen déi 2 bescht Ekippen an der Saison 21/22 Total League, soudass am Prinzip an engem Joer nees 10 Dammenekippen an der héchster Divisioun aktiv wärte sinn.

Am Video-Interview seet den Thierry Kremer (Trainer vun der Amicale Steesel) wat hien zur Saison denkt.

Par FLBB , le 19/09/2020 à 05:28