Samy Picard kandidéiert e Samschden als neien FLBB-President

Säit e puer Méint ass gewosst, dass den Heng Pleimling net méi wäert als Kandidat fir de Posten vum FLBB-President untrieden. Als méigleche Nofollger kennt de fréiere Profispiller Samy Picard an Fro, deen sech e Samschden op der assemblée générale wäert als Kandidat stellen.

De Samy Picard an seng Ekipp hunn sech konkret Aufgaben an Visiounen opgeschriwwen, déi an den nächste Joren sollen an Ugrëff geholl ginn. Deemno soll d’Attraktivitéit an d’Popularitéit vum Basket an d’Luucht gedriwwe ginn, dat och duerch eng néi an verstäerkte Presenz an de Medien, woubäi an leschter Zäit schonn de neie Site vun der Federatioun dozou bäigedroen huet. Donieft ass et kloer d’Zil, dass déi beschte Spillerinnen an Spiller an der Nationalekipp zum Asaz kommen. Och um Iwwergang vun de jonke SpillerInnen an Spiller an Seniors-Ekippen soll geschafft ginn, fir déi jonk Léit am Alter vun 16-20 Joer net nach weider ze verléieren an beim Basket ze halen.

Wéi schonn déi lescht Joren verschidde Spillerinnen an Spiller gewisen hunn, kann een et aus Lëtzebuerg an de Profiberäich packen, dat ass e weider grouss Zil, dass d’FLBB zesumme mat de Clibb Spillerinnen an Spiller ausbilt, déi de Sprong an de Profiberäich packen. E weidere grousse Projet wäert et ginn den 3géint3 Basketball zu Lëtzebuerg méi populär an méi grouss ze maachen, fir dass een do den Uschloss un d’Ausland net verpasst. Weiderhin bleift et och e Fokus vun der FLBB, fir sou vill wéi méiglech Bierger zu Lëtzebuerg un de Basket erunbruecht ginn.

Dem Samy Picard a senger Equipe ass et och ganz wichteg d‘Communicatioun an d’Collaboratioun mat de Clibb ze verbesseren an zesummen un engem Strang ze zéien.

Niewent dem Samy wäerte sech weider Kandidaten proposéieren fir am Comité (CA) vun der FLBB matzeschaffen: Cathy Donckel, d’Iris Hoffelt, den Nicolas Hentgen, de Pit Rodenbourg an de Kim Thesen kéinten an de Comité vun der FLBB erakommen fir, zesummen mat den aktuelle Memberen vum Comité, déi éiergäizeg Projeten an Ugrëff ze huelen.

Par FLBB , le 17/09/2020 à 17:13