Schumacher vun 2010-2020 9 Mol beschte Lëtzebuerger Scorer

Kuckt een d’Statistiken vun de leschten 10 Joren (ab der Saison 2009-2010 sinn d’Statistiken online) am Basket, dann fält bei den Hären virun allem een Numm op bei de beschte Scorer: Den Tom Schumacher. Hien steet 9 mol (méiglech wiren 10) un der Spëtzt vun de beschte JICL Scorer, eng beandrockent Leeschtung.

Den Diddelenger Spiller huet säi perséinleche Beschtwert an der Saison 2012-13 opgestallt mat 24,4 Punkten de Match. Nëmmen an der Saison 2018-19 stoung hien “nëmmen“ op der 3. Plaz, dat hanner dem Kevin Moura (deemols Walfer) an dem Frank Muller (T71).

Top 10 JICL Scorers vun der Saison 2019/2020
1) Tom Schumacher (T71) – 16,4
2) Mihailo Andjelkovic (Contern) – 15,2
3) Pitt Koster (Sparta) – 14
4) Frank Muller (T71) – 13,3
5) Max Shcmit (Hiefenech) – 12,9
6) Philippe Gutenkauf (Etzella) – 11,7
7) Joel Thesen (Hiefenech) – 10,9
8) Raul Birenbaum (Contern) – 10,4
9) Luka Buntic (Musel Pikes) – 10,2
10) Pit Biever (Basket Esch) – 9,7

Foto: Robert Straus

Par FLBB , le 19/03/2020 à 19:02