Sparta zitt eng Tëschebilanz virum 15. Joer « Sparteens Youth Project »

D’Sparta Bartreng huet an engem Artikel op hirer Websäit (ënnen verlinkt) Bilanz zum Jubiläum 15 Joer « Sparteens Youth project » gezunn. Déi am Joer 2006 vum aktuelle Präsident an deemolege Jugendkoordinator Frank Arendt gegrënnten Initiativ hat aös Zil, de Spillerinnen a Spiller eng beschtméiglech Jugendausbildung ze erméiglechen, dat am sportlechen, athleeteschen an mentale Beräich.

De « Sparteens Youth project » ass vergläichbar mat „professionellen Strukturen vun Clibb am Ausland », sou heescht et am Artikel. Fir d’Zukunft bleift et weiderhin d’Zil, Spillerinnen an Spiller op de Seniorsberäich virzebereeden, dat souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland – och an de Profiberäich sollen Spillerinnen an Spiller vun der Sparta Bartreng bruecht ginn, gëtt als Zilsetzung geschriwwen.

An de leschte 14 Joer goufen dann net manner wei 52 national Titel am Jugendberäich op Bartreng geholl.

Article by sparta.lu with details –> article_sparta.lu

Picture: Sparta.lu

Par FLBB , le 23/08/2020 à 17:52