Sport an Halen vun e Freiden un nees erlabt (ënner Konditiounen)

Um Méinden hunn de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetministesch, Paulette Lenert, op enger Pressekonferenz néi Mesuren an der COVID-19-Situatioun durgestallt. Dobäi gouf och gesot, dass Sport an Halen ab e Freiden (29.05.) erëm erlabt ass. Dobäi muss een awer direkt soen, dass déi nemlecht Beschränkungen zielen wéi beim Sport dobaussen.

D’Paulette Lenert sot wiertlech, dass Sport an Halen erlabt wäert sinn „mat deenen nämmlechte Mesuren, déi och bausse gëllen. Dat heescht ouni physesche Kontakt. D’Konditiounen, fir de Sport ze excercéieren, bleiwen onchangéiert. Et gëtt elo just opgemaach fir bannen à condition, dass se Konzepter hunn, déi dann déi Reegelen duerchsetzbar maachen. »

Eng wichteg Roll dobäi spillen awer och d’Gemengen, déi entscheeden, op eng Hal opgemaach gëtt fir ze trainéieren. Op an wéini erëm dierf Basket als Ekippesport ënner normale Konditiounen gespillt (an trainéiert) ginn, ass de Moment nach net gewosst.

Genee Konditiounen –> Konditiounen_FLBB

Par FLBB , le 25/05/2020 à 20:59