SPUERKEESS JOURNEE NATIONALE DU BASKET 2018

Déi traditionell Journée Nationale du Basket fënnt dëst Joer den 18. Februar 2018 zu Diddeleng am Centre Sportif Hartmann statt.

Well den 3×3 ëmmer méi ee grousse Stellewäert international an och an der Entwécklung vun de jonken Talenter kritt, organiséiert d’FLBB zesummen mam T71 Diddeleng, dëst Joer een 3×3 Turnéier fir Kategorien Poussines/Poussins a Fillettes/Minis.

Niewent de Matcher, kënnen Kanner de ganzen Dag iwwer bei deenen verschiddenen Skill Drill Tests hiert Kennen ënner Beweis stellen.

Weider Detailer an d'Aschreiwungsformular fann Dir an der Annexe.

Mellt är Equipe bis spéitstens den 7. Februar 2018

Par FLBB , le 11/01/2018 à 15:21