SPUERKEESS Journée Nationale DU BASKET 2022

Déi traditionell Journée Nationale du Basket fënnt dëst Joer den 03. Abrëll 2022 zu Diddeleng am Centre Sportif Hartmann statt.

Well den 3×3 ëmmer méi ee grousse Stellewäert international kritt an och beim Skill Development vun de jonken Talenter hëllefräich ass, organiséiert d’FLBB zesumme mam T71 Diddeleng een 3×3 Turnéier fir Kategorien Poussines/Poussins a Fillettes/Minis.

Niewent de Matcher, kënne Kanner de ganzen Dag iwwer bei deene verschiddene Skill Drill Tests hiert Kennen ënner Beweis stellen.

Weider Detailer an d’Aschreiwungsformular fann Dir an der Annexe.

Mellt är Equipe bis spéitstens den 30. Mäerz 2022

Par FLBB , le 16/03/2022 à 14:21