Spuerkeess Journée Nationale du Basket, eng erfollegräich Editioun 2018

Gëscht ze Diddeleng gouf et een erfollegraichen an flotten Dag fir den Jugendbasket. Un der Spuerkeess Journée Nationale du Basket, déi den 18. Februar vun 9 bis 16 Auer ze Diddeleng stattfonnt huet, hun ronn 300 Kanner aus 15 verschiddenen Veräiner mat vill Motivatioun deel geholl.

Fir Kategorien Poussines, Poussins, Fillettes a Minis stoungen nieft dem 3×3 Turnéier och verschidden Statiounen um Programm, wou déi jonk Spillerinnen a Spiller hiert Talent ënner Beweis konnten stellen. D’FLBB ass zefridden mat den Participatiounen an dem Oflaf. Et konnt een vill jonk Talenter iwwert den Dag verfollegen.

Mir soen all den Léit Merci déi dësen erfollegräiche an interessanten Basketdag méiglech gemaach hun. Eisem Partner „Spuerkeess“ en groussen Merci fir hier Ënnerstëtzung. Och all den Spillerinnen, Spiller, Coachen, Arbitteren an Benevollen Merci fir dësen flotte Dag.

Een speziellen Merci geet un T71 Diddeleng a Gemeng Diddeleng fir déi gutt Organisatioun a Zesummenaarbecht.

Op eisem Facebook Site fann Dir och Fotoen iwwert Spuerkeess Journée Nationale du Basket. Merci dem Robert Straus a dem Albert Krier fir Fotoen.

 

Site Facebook FLBB

Par FLBB , le 19/02/2018 à 16:26