Spuerkeess Journée Nationale du Basket, eng erfollegräich Editioun 2019

Gëscht ze Diddeleng gouf et een Dag fir den Jugendbasket. Un der Spuerkeess Journée Nationale du Basket, déi den 24. Februar vun 9 bis 16 Auer ze Diddeleng statt fonnt huet, hun iwer 200 Kanner aus 12 verschidden Veräiner mat vill Motivatioun deel geholl.

Fir Kategorien Poussines, Poussins, Fillettes a Minis stoungen nieft dem 3×3 Turnéier och verschidden Statiounen um Programm, wou déi jonk Spillerinnen a Spiller hiert Talent ënner Beweis konnten stellen. D’FLBB ass ze Fridden mat den Participatiounen an dem Oflaf. Et konnt een vill jonk Talenter iwwert den Dag verfollegen.

Mir soen all den Léit Merci déi dësen erfollegräiche an interessanten Basketdag méiglech gemaach hun. Eisem Partner „Spuerkeess“ en groussen Merci fir hier Ënnerstëtzung. Och all den Spillerinnen, Spiller, Coachen, Arbitteren an Benevollen Merci fir dësen flotte Dag.

Een speziellen Merci geet un T71 Diddeleng a Gemeng Diddeleng fir déi gutt Organisatioun a Zesummenaarbecht.

Op eisem Facebook Site fann Dir ochschon e puerFotoen iwwert Spuerkeess Journée Nationale du Basket. Merci dem Robert Straus, Ant Deister a dem Albert Krier fir Fotoen.

Par FLBB , le 25/02/2019 à 13:49