Spuerkeess Journée Nationale um Sonnden zu Diddeléng mat 65 Ekippen

Déi traditionell Journée Nationale du Basket fënnt dëst Joer den 3. Abrëll 2022 zu Diddeleng am Centre Sportif Hartmann statt.

Well den 3×3 ëmmer méi ee grousse Stellewäert international kritt an och beim “Skill Development“ vun de jonken Talenter hëllefräich ass, organiséiert d’FLBB zesumme mam T71 Diddeleng een 3×3 Turnéier fir Kategorien Poussines/Poussins a Fillettes/Minis.

Niewent de Matcher, kënne Kanner de ganzen Dag iwwer bei deene verschiddene Skill Drill Tests hiert Kennen ënner Beweis stellen.

Ingesamt sinn 65 Ekippen ugemellt:
– 17 Poussins
– 15 Poussines
– 23 Minis
– 10 Fillettes

Poussins / Poussines:
– 3×3 – Moies
– Skill Test – Nomëttes

Minis / Fillettes:
– Skill Test – Moies
– 3×3 – Nomëttes

Ab 8:30 Auer wäerten d’Jugendspiller/innen zu Diddeléng am Asaz sinn.

Par FLBB , le 02/04/2022 à 16:40