Svenia Nurenberg huet missen um Miniskus operéiert ginn

Pech fir d’Svenia Nurenberg, dat sech wärend leschter Saison um Knéi blesseíert huet an huet missen operéiert ginn. „Ech sinn de 15. September um lenkse Knéi operéiert ginn, well ech e Rass am Miniskus hat. Ech war ganz lescht Saison schonn mam Knéi geplot, hunn awer weidergespillt well mir eis Conference gewanne wollten, dat ass eis och gelong. Bei optimaler Heelung hunn ech 4-5 Méint Paus mam Sport, ech sinn awer schonn mat der Reedicatioun amgang, déi bis elo ganz gutt leeft. Wann ech éierlech sinn, hoffen ech dass d’Saison elo nach e bëssen no hannen verréckelt gëtt, fir dass ech weiderhin eng grouss Roll an der Ekipp spille kann. Grouss Zil ass et um March Madness deelzehuelen, fir sech mat de beschten Ekippen ze moossen. »

Par FLBB , le 30/09/2020 à 20:40