Telstar spillt d`Saison ouni Profispillerinnen zu Enn

Wei d`Wort um Mettwoch-Moien schreift, huet den Telstar Hesper entscheet, fir déi 2 Profispillerinnen Tyler Scaife an Marsha Howard heem ze schécken, dat no der 27:87-Defaite an der Coupe um Sonnden.

Hesper wäert d`Saison ouni Profispillerinnen zu Enn spillen, sou heescht et am Wort. Telstar leit op der leschter Platz virum Optakt vun der Ofstigsgrupp, 2 Punkten hanner der Sparta.  Sollt dat esou sinn, eng offiziell Confirmatioun vum Club zu dësem Thema gëtt et (nach) net, sou wier dat och e kloer Zeechen, dass de Club den Ofstig an eng Nationale 2 net verhënnere kann respektiv well. Den Tabelleleschten fält direkt an Nationale 2, den Tabellendrëtten spillt e Relegatiounsmatch géint den Tabellenzweeten aus der Nationale 2.

Par FLBB , le 05/02/2020 à 18:52