Trainingsmatcher starten knapp 1 Mount virum geplangte Start vun der Saison 2020/21

Vill Clibb hunn an de leschten Deeg mam Training ugefang, säit e puer Deeg ginn och déi éischten Trainingsmatcher organiséiert. Dobäi setzen d’Clibb alles drun, fir d’Reegelen betreffend dem Covid-19-Virus emzesetzen. Op de Fotoen gesi mir ënner anerem d’Haalen an der Fiels an zu Bascharage, déi virum Matcher präparéiert goufen. D’Still vun de Spiller stinn wäit auseneen an och an den Auszäiten (Time-outs) gëtt opgepasst, dass den Ofstand agehale gett.

Par FLBB , le 22/08/2020 à 08:50