U16 Meedercher gewannen hiren 2. Match op der EM

Am 6. Match an 9 Deeg hunn U16 Meedercher déi richteg Reaktioun gewisen an mat 47 op 45 géint Estland gewonnen. D'Meedercher hunn Consignen vum Coach Jérôme Altmann gutt ëmgesat an besonnesch an der Defense Géignerinnen frei ënner Drock gesat. Et war eng Teamleeschtung wou all Spillerinnen hiren Bäitrag derzou ginn huet. Statistesch stécht Tanja de Rond mat 23 Punkten an 8 Rebounds ervir. Roud Léiwinnen hunn besonnesch zum Schluss méi clever gespillt wéi an der Virbereedung. Sie hunn aus hiren Feeler aus der Vergaangenheet geleiert an sou net nach eng Kéier op 2 Punkten géint Estland verluer, mee den Match net méi aus der Hand ginn.

Muer geet et dann um 16.30 am leschten Match géint Bulgarien em Plaz 13 ënner 22 Natiounen. Bulgarinnen wäerten schnellen Transition-Basket spillen wou et fir eis Meedercher gëllt op Zack ze sinn. Meedercher wäerten awer zum Schluss nach eng Kéier all hir Kraaftreserven mobiliséieren.

Den Opstig an Divisioun A hunn haut Dänemark an Belsch gepackt déi dann och muer zum Ofschloss wäerten em Gold kämpfen hei zu Skopje.

http://www.fiba.basketball/europe/u16bwomen/2017/2508/Estonia-Luxembourg#|tab=boxscore_statistics

« 

Par FLBB , le 25/08/2017 à 23:31