U16 Meedercher schléissen Gruppephase op der 4. Platz of

No der 29-84 Néierlag am leschten Match vun der Gruppephase géint Israel huet et fir Meedercher geheescht sou schnell wéi méiglech hier Energie erëm opzelueden an Moral héich ze halen. Den Match géint Israel huet missen schnell vergiess ginn. D'Meedercher aus Israel waren eis physesch an kämpferesch ze vill iwwerleeën.

Um Roudag sinn Meedercher dunn Millenium Cross zu Skopje erkondschaften gaangen, hunn trainéiert an Shopping Mall onsécher gemaach. Ofschalten konnten se och nach gutt beim gemeinsamen Iessen mat den Elteren.

Lo haut steet no engem gudden Training den Moien déi staark Equipe aus der Schwäiz um Programm. Lass geet et um 16.30!

                                                                           Statistiken vum Match Lëtzebuerg-Israel:

http://www.fiba.basketball/europe/u16bwomen/2017/2208/Luxembourg-Israel

« 

Par FLBB , le 24/08/2017 à 15:58