U16 Meedercher verléieren géint Schweden

Schweden – Lëtzebuerg 58-33

Am 3. Match vun der EM an Mazedonien sinn eis Léiwinnen op eng kierperlech staark Equipe aus Schweden getraff. Meedercher hunn sech vun der Physis vum Géigner besonnesch an der Offense ze vill beaflossen gelooss. Och wann Meedercher ni opginn hunn konnten se awer leider keen Véierel fir sech entscheeden. Lo muss deen Match sou schnell wéi méiglech ofgehaakt ginn an dann geet et muer um 14.30 géint Israel an dem leschten Gruppematch em déi 3.Plaz.

Statistiken vum Match fann der ënnert: http://www.fiba.basketball/europe/u16bwomen/2017/2108/Sweden-Luxembourg#|tab=boxscore_statistics

Dono ass dann nach een Roudag éiert em Plazen 9-16 gekämpft gëtt. Dem Julie Nilles sengem Fouss geet et esou lues an lues besser, hatt wäert awer wuel leider net méi hei zum Asaz kommen.

« 

Par FLBB , le 21/08/2017 à 23:43