U16 Meedercher verléiren den 1. Match géint Estland

U16 Women EST – LUX 48-46

D'Meedercher si gutt an de Match komm géint hier Géignerinnen aus Estland. Den éischte Véierel gewannen se mat 8-12. Dono hunn sech leider ëmmer méi Feeler an Spill vun de Lëtzebuerger Léiwinne geschlach. Vill Ballverloschter an Onkonzentratiounen an der Defense hunn dofir gesuergt dass se an der Hallschent mat 25-18 hanne louchen. Am Rebound konnte Meedercher nach eenegermoosse mathale mee Estinnen hunn de Lëtzebuergerinnen hier Feeler schnell ausgenotzt. Am drëtte Véierel huet sech dat selwecht Bild gebueden sou dass et no 30' 41-29 stoung. Et huet bis zur 35. Minutt gedauert bis dass dunn endlech Reaktioun vun eiser U16 komm ass. Ënnert dem Impuls vum Morgane Scaillet si Meedercher méi aggressiv zum Kuerf gezunn an hunn kollektiv och eng gutt defensiv Leeschtung gewisen. Sie si souguer nach an der leschter Minutt bis op 2 Punkten erukomm. Leider ass Zäit awer net duer gaange fir de Match nach fir Lëtzebuerg ze dréinen. Muer gëllt et vun Ufank un Qualitéiten auszespillen an den Géigner net an de Match komme loossen. Et ass dee leschte Preparatiounsmatch vun der U16 virun hirem Tournoi zu Skopje deen nächst Woch ufänkt.

Fir Lëtzebuerg huet gespillt:

Sowa 5, Baum, Beslija, Nilles 4, Scaillet 14, Olsen 8, Chaumont 3, Siebenaler, De Rond 10, Van den Berg 2, Mores, Kohll.

Par FLBB , le 10/08/2017 à 23:45