U17 Meedercher starten den Projet EGBL

Ab dëser Saison spillen eis U17 Meedercher fir den éischten Kéier an der “European Girls Basketball League”, een Projet ënnerstëtzt vun ENTRAPAULUS.

 

De Moien um 03h30 huet den ustrengenden Dag fir eis Ekipp ugefang: mam Bus op Bréissel, vun wou et mam Fliger op Riga goung an schlussendlech mam Bus op Jurmala. Ze Jurmala, Lettland fënnt den éischten Turnéier vun der EGBL statt. Trotz fréien Start de Moien sinn eis Meedercher motivéiert an freeën sech op des international Erfahrung. Bis de Sonnden wärt d’Ekipp em de Coaching Staff Mariusz Dziurdzia an Rumen Galabov an hiren fënnef Matcher alles ginn an Lëtzebuerg gutt vertrieden.

 

Spillplang:

 

2.Oktober:      9h00 BS Liepaja (Latvia)-Luxembourg

                       15h00 Luxembourg-BS Ridzene (Latvia)

 

3. Oktober:     9h00 Stellazzurra(Italy)-Luxembourg

                       13h30 Jurmala (Latvia)-Luxembourg

 

4. Oktober:     8h00 Horsholm 79ers(Denmark)-Luxembourg

                       Closing ceremony @ 13h30

 

« 

Spillplang a Resultater U17 EGBL

Par FLBB , le 01/10/2015 à 15:15