U17-Meedercher vun Lëtzebuerg an der 1/2-Finall vun der « skills challenge »

Um 2. Daag vun der U17 Women’s skills challenge huet Lëtzebuerg géint Georgien an Slowakei gespillt. Géint Georgien huet Lëtzebuerg zwar verluer, mee géint Slowakei gouf et déi 3. Victoire am 4. Match.

Domat stinn eis Meedercher ënner den Top 4 an och an der 1/2-Finall vum Europa-Tournoi. Hei geet et elo de Weekend drëms, des 1/2-Finall géint Wäissrussland  ze gewannen fir sech fir d’Weltmeeschterschaft ze qualifizéieren.

Lëtzbuerg – Georgien –> Challenge_Lux_Georgien_VIDEO

Lëtzebuerg – Slowakei –> Challenge_Lux_Slowakei_VIDEO

Par FLBB , le 14/08/2020 à 21:56