USH-Trainerin Kremer: „Eng Bestätegung fir meng Spillerinnen“

An der Finall vun der Coupe FLBB spillen um Freiden (19.00 Auer) d’Ekippen vu Beetebuerg (Nitia) an Hiefenech (US Hiefenech) géinteneen. Hiefenech geet als Titelverdeedeger (FOTO) an d’Finall.

An der Saison 2019/2020 stounge sech déi 2 Ekippen am Championnat ee Mol géintiwwer, dobäi huet sech Hiefenech 72:50 géint de Géigner duerchgesat.

Julie Kremer, Trainerin vun der USH, stoung des Saison schonn eng Kéier am Mëttelpunkt, wei hatt Härenekipp vun Hiefenech betreit huet (den Trainer war gespaart). Elo steet fir d’Julie e weideren Héichpunkt vun der Saison um Programm, eng méiglech Verdeedegung vum Titel an der Coupe FLBB: „Fir de Veräin ass et natierlech immens flott wann eng Ekipp an der Finall steet. Et ass och eng Bestätegung fir meng Spillerinnen, well mir elo d’Chance hunn eisen Titel ze verdeedegen. Meng Spillerinnen sinn hongreg bliwwen an hunn vill dofir geschafft elo erëm an der Finall an der Coque ze stoen.
Als Trainerin mécht et mech stolz ze gesinn dass séch d’Efforten lounen, dei d’Meedecher an de Basket stiechen, déi kennen dann zu esou engem “highlight“ féieren. Mir wäerten de Géigner op kee Fall ënnerschätzen an mam kloren Zil an de Match goen, eisen Titel ze verdeedegen.“

Par FLBB , le 28/01/2020 à 07:27