Walfer Dammen mat 10. Victoire noeneen

Am Titelgrupp bei den Dammen goufen um Freiden-Owend 2 Matcher gespillt. Résidence Walfer huet dobäi den 10. Match noenee gewonn! Géint de Champion Gréngewald konnt sech d’Ekipp vu Walfer um Enn mat 73:51 duerchsetzen. Samantha Logic (20 Punkten, 11 Rebounds), Amanda Cahill (19/13) an Tanja deRond (16 Punkten) hunn bei Walfer iwwerzeegt an dofir gesuergt, dass déi impressionant Serie weidergeet. Bei de “greens“ huet Profispillerin Pfirman gefeelt, Lisy Hetting huet 19 Punkten markéiert.

Statistiken –> stats_Gréngewald_Walfer

Am 2. Match gewënnt T71 mat 78:67 géint de Basket Esch. Shalonda Winton konnt mat 25 Punkten an 13 Rebounds iwwerzeegen, Michèle Orban huet 17 Punkten markéiert. Bei Esch feelt d’Profispillerin Coulibaly nach e puer Wochen, Liktharovich (20) an Grieb (19) hunn déi meeschte Punkten markéiert.

Statistiken –> Stats_T71_Esch

Um Samschden spillt nach Steesel géint Ettelbréck.

 

Artikel rtl.lu –>Artikel_RTL.lu

Par FLBB , le 14/02/2020 à 20:09