Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?

De Peter Rajniak ass een vun de wéinege Lëtzebuerger Basketspiller, déi eng international Karriär als Profispiller opzeweisen huet. Mee wéieng Roll spillt de Basket haut am Liewen vum Peter?

De Peter Rajniak wunnt mat senger Famill (4 Kanner) zu Rued-Sir, virun der Dier gouf e klengen Basketballterrain gebaut, natierlech an de Lakers-Faarwen (FOTO).

Wéieng Roll spillt de Basket momentan an dengem Liewen?
PR: Ech trainéieren momentan “Poussins“ um Gréngewald nodeems ech schonn déi 2 Joer virdrun “Pré-Poussins“ trainéiert hunn. Ech maachen dat virun allem well mäi Jong do spillt, soss géif ech dat warscheinlech och net maachen, well et awer vill Zäit kascht. Um Gréngewald huet een vill top Traineren an der Jugend, well de Veräin ganz staark op d’Jugend setzt, dat ass ganz positiv.

Gees du nach regelméisseg Matcher zu Lëtzebuerg kucken oder wéi verfollegs du de Basket hei am Land?
PR: Ech war 1,2 mol de Ben (Kovac) kucken, well ech hien gutt kennen, hien ass jo bal e klenge Brudder fir mech, eis Elteren hunn sech ganz gutt verstanen. Soss war ech nach puer Mol um Gréngewald, mee soss fueren ech net wierklech op Matcher hei am Land. Ech kucken heiansdo e Match am Live-Stream, awer net oft.

Verfollegs du den internationale Basket mei genau?
PR: Just NBA, do kucken ech virun allem Los Angeles Lakers. Et ass schued, dass d’Saison net weider gespillt gouf, d’Lakers hätte gutt Chancen gehat, wann keen sech verletzt hätt. Ech hat mech schonn immens op Western Conference Finall tëschent de Clippers an Lakers gefreet.

An der Rubrik “Wat mécht eigentlech …“ schwätze mir mat fréiere BasketballspillerInnen.

Par FLBB , le 18/04/2020 à 22:25