Wat mécht eigentlech en Assistant-Coach? De Pit Rodenbourg erkläert seng (vill) Aufgaben

Si sinn extrem wichteg an dach gett am Normalfall net vill iwwer si geschwat, Assistant-Coachen sinn bei deene meeschte Clibb an der Total League standard. Wéi eng Aufgaben huet eigentlech en Assistant-Coach wéi de Pit Rodenbourg vum Racing Letzebuerg?

De Pit Rodenbourg ass op all Training an këmmert sech organisatoresch em vill Saachen fir dem „Trainer de Réck fräi ze halen », wéi hien seet.

Um Training
„Um Training hëllefen ech dem Trainer beim Oflaf, ech korrigéieren d’Spiller an ginn Tipps. Heiansdo leeden ech och de warm-up vun der Ekipp oder maachen verschidden Übungen mat de Spiller. »

Am Match
„Hei hänkt et ganz staark dovun of, wéi dei eenzel Trainer dat gären hätten. Normalerweis probéieren ech alles am Aa ze behalen, sinn Spiller midd an brauchen eng Paus? Mellen sech Spiller déi wëllen rausgeholl ginn? Ech well hei méiglescht eng roueg Hand behalen an den Trainer ënnerstetzen. An taktescher Hinsicht kann ech dem Coach och Saachen soen, déi mir opfalen. Heiansdo kënnt et och fir, dass ech d’Statistiken vum Match op der Bänk maachen, grad an der Virbereedung. »

Doheem
„Den gréissten Deel vun senger Aarbecht mécht en Assistant-Coach doheem. Ech schätzen, dass ech alleng mat der Video-Analyse fir e Match 6-8 Stonnen verbréngen pro Géigner an Match. De “scouting“ an d’Schneiden vun Videoen stellt en enormen Opwand duer, ech hoffen dass de neien tool eis do wäert eng Hëllef sinn. Ech analyséieren d’Systemer vum Géigner, schneiden eenzel Videoen vun de géigneresche Spiller vum Géigner zesummen an maachen en scouting-report, déi Saachen kréien all eis Spiller virun de Matcher geschéckt. »

Kennt et och emol zu Streit mam Head-Coach?
„Mat all Trainer kënnen Sträisituatiounen entstoen, dat gehéiert dozou an geschitt och reegelméisseg. Aus dësen Konversatiounen muss een dann am beschte Fall eppes Konstrultives erauszéien. Et léiert een permanent vuneneen, wann een als Trainer enk zesumme schafft an et fuerdert een säin Matarbechter och geigensäiteg eraus am Sënn vun der Ekipp. »

Breaking news:
De Pit Rodenbourg wäert dann an Zukunft och fir d’Lëtzebuerger Nationalekipp als Assistant-Coach vum Ken Diederich aktiv sinn!

Par FLBB , le 24/09/2020 à 17:01