Wéi ass d’Situatioun bei eise Profien am Ausland?

Zu Lëtzebuerg ass d’Saison 2019/2020 eriwwer. Och an aanere Länner goufen Sportsevenementer ofgesot oder zumindest verluecht. Wéi gesäit et bei eise 4 Profien am Ausland aus?

Nadia Mossong (Italien)
–> An Italien gouf d’Saison nach net fir eriwwer erkläert, mee et „weess een net ob, wéini an wéi et weidergeet“, seet Nadia Mossong, dat am Moment an Italien méi oder wéineger festsetzt. „Ech bleiwen an menger Wunneng bis et sécher ass fir fort ze goen“, sou d’Nationalspillerin. Fir déi nächst Saison ginn et nach keng konkret Pläng fir d’Nadia.

Magaly Meynadier (Däitschland)
–> D’Saison an der DBBL ass eriwwer! Magaly Meynadier echt sech och Gedanken em Zukunft als Profispillerin: „Et kann gutt sinn, dass Sponsoren ofsprangen wéinst der Situatioun, dat wier fir eis Profispillerinnen natierlech schwiereg, well d’Veräiner finanziell Problemer kéinte kréien“, sou d’Meynadier. De Moment waart eis Nationalspillerin of, ob an wéini een erëm kann “normal“ trainéieren an de Sportshalen.

Thomas Grün (Däitschland)
–> Um Méinden-Owend koum d‘Entscheedung, dass d‘Saison an Däitschland och fir d‘Hären eriwwer ass. Den Thomas Grün steet och fir nächst Saison nach zu Tréier ënner Vertrag.

Alex Laurent / Oliver Vujakovic (Éisträich)
–> D’Saison ass eriwwer. Éisträich ass een vun de Länner mat de strengste Mesuren géint de Virus an Europa, d’Basketsaison ass deemno och eriwwer.

Par FLBB , le 17/03/2020 à 08:37