Wéi kënnen d’Clibb dobaussen trainéieren?

Aktuell fänken d’Basketclibb lues an lues un sech op d’nächst Saison virzebereeden. Dobäi stellt sech d’Fro, ënner wéienge Konditiounen d’Clibb nees dobaussen trainéieren dierfen.

Allgemeng kann een soen, dass d’Reegelen déi nemlecht sinn wéi fir d’Trainéieren an der Hal. Am Resumé sinn folgend Saachen ze respektéieren:
– e Mask undoen bis op d’Trainingsplatz
– beim Training kann een de Mask ausdoen
– Material virum an nom Training desinfizéieren (falls et gebraucht gëtt)
– keen kirperleche Kontak
– 2 m Ofstand beim Trainéieren
– 5 m Ofstand beim Lafen hannereneen (beim Velofueren sinn et 10 m Ofstand)
– jiddereeen muss seng eege Waasserfläsch hunn

D’TrainerInnen sollen drop oppassen, dass Gruppegréissten net ze grouss sinn.

REEGELEN FIR DE BASKET AN DER HAL –> Reegelen fir de Baskettraining ab dem Freiden (29.05.2020)

Op de Fotoen sinn d’Zolwer Dammen an Cadetten ze gesinn souwei d’U16/U18-Ekippen vun der Sparta Bartréng.

Par FLBB , le 04/06/2020 à 13:32