Zolwer gewënnt géint Fiels an suergt domat fir Spannung

An der Op- an Ofstigsgrupp huet sech um Sonnden Zolwer knapp mat 90:84 géint Arantia Fiels duerchgesat. Duerch des Victoire kennt nei Spannung an de “play-down“, well Zolwer elo nëmmen nach 2 Punkten hanner Hesper leit an Steesel op 2 Punkten un d’Arantia erukomm ass.
Bei Zolwer huet den Amerikaner Stephens 32 Punkten markéier, säi Profikolleeg Gamble koum op 17 Punkten, de Pol Ferrante huet 15 an den Vic Heuschling 13 Punkten markéiert. Bei der Fiels stoung mam Armand Davis e neien Profispiller am Kader.

An der Woch gëtt an der Op- an Ofstigsgrupp e komplette Spilldag gespillt, vun en Denschden op en Donneschden.

Denschden:
Black Star – Sparta

Mëttwoch:
Arantia – Amiclae
Résidence – Zolwer

Donneschden:
Telstar – Contern

Virun allem déi 2 Matcher en Mëttwoch sinn enorm wichteg fir Zolwer an Steesel, des 2 Ekippen stinn weiderhin ënner Drock!

Par FLBB , le 09/02/2020 à 20:05