Zolwer Präsident Alex Nick trëtt zeréck

Den Zolwer Präsident Alex Nick huet an engem Mail matgedeelt, dass hien net méi wäert als Zolwer Präsident kandidéieren, dat als Reaktioun op d’Wiel vum neie Modus, deen dofir suergt, dass Zolwer nächst Saison net an der Total League wäert vertrueden sinn.

Méigleche Kandidat als Nofollger ass den Oli Block, deen Zolwer och leschte Samschden op der AGE vertrueden huet. Den 13. Juli ass Generalversammlung vum Zolwer Basket.

Op Säiten vum Zolwer Basket ass d’Enttäuschung iwwer de neie Modus grouss, de Club hätt sportlech nach all Chancen gehat fir den Opstig ze packen. Déi zweet Divisioun wier eng relativ oninteressant Divisioun, wou d’Veräiner 4 mol géinteneen untrieden, sou heescht et vun Säiten vum AS Zolwer. Frou ass een awer doriwwer, dass eng weider Transfert-Period net gestëmmt gouf, soss hätt een gefaart, dass Spiller nach bei eng Ekipp an d’Total League wiesselen.

Par FLBB , le 29/06/2020 à 18:20