AGE den 27. Juni

Um Samschden (27. Juni) steet am ALVISSE Parc Hotel eng weider AGE vun der FLBB um Programm. Zil vun dëser Versammlung ass et e Spillmodus fir déi kommend Saison 2020/21 ze wielen. An engem Artikel hate mir schonns d’Gemeinsamkeeten an d’Ënnerscheeder vun den 2 proposéierte Modi opgezielt ( –> Spielmodus 2020/2021: am 27. Juni fällt eine Entscheidung ).

Sollt keen vun den 2 proposéierten Modi gewielt ginn, bleift et beim ale Spillmodus. Niewent dem Vott zum Modus stinn awer weider Punkten um Programm vun der AGE.

– Sou wäert eng weider Kéier de “vote“ iwwer d’Unzuel vun de NET-JICL-Spiller an der Total League ofgestëmmt ginn. D’Clibb wäerten hir Stemm ofginn op an der nächster Saison an der Total League 2 oder 3 JICL-Spiller, an domat zu Lëtzebuerg forméiert Spiller, mussen zesummen um Terrain stoen.

– Opgrond vun den aktuellen Ëmstänn wäert och eng 2. Transfert-Fenster agesat ginn, déi vum 27. Juni bis den 3. Juli dauere wäert en et de Clibb erméiglecht sech kaderméisseg op déi nächst Saison virzebereeden.

– Donieft gëtt de provisoresche Kalenner fir d’Saison 2020/21 virgestallt.

No dëser AGE wäerten d’Clibb deemno Gewëssheet hunn an kennen déi nächst Saison plangen, och wann opgrond vun den aussergewéinlechen Ëmstänn nach net garantéiert kann ginn op um éischte Spilldaag vum Programm kann gespillt ginn. Eens sinn sech alleguer d’Clibb sécherlech doriwwer, dass deemnächst erëm soll de Sport am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen stoen. Aktuell hunn schonn eng ganz Rei Ekippen den Training nees opgeholl an waarden drop dass d’Gesondheetsmoosnamen nees en “normalen“ Baskettraining zouloossen.

Par FLBB , le 25/06/2020 à 21:25