Bei den Dammen kéinten 6 Ekippen punktgläich sinn no 18 Matcher

Um Sonnden steet souwuel bei den Dammen wei och bei den Hären d’Entscheedung am Kampf em Platzen am Play-off um Programm. Bei de Fraen kéint d’Situatioun kaum méi spannend sinn, et ass nach ganz vill méiglech. An der Theorie kéint et souguer zu engem Vergläich tëschent 6 Ekippen kommen den Owend … dat ass awer wéinst dem Spillprogramm onwarscheinlech.

Musel Pikes ënner Drock!

Am meeschte Drock huet den aktuell 7. an der Tabell, Musel Pikes! Si hunn an der Saison 2 mol géint de Champion Gréngewald gewonn, dat bréngt hinnen den Owend an engem “Mini-Championnat“ géint déi direkt Géigner näischt! D’Musel Pikes hunn schlecht Resultater géint déi direkt Konkurrenten … si hunn nëmmen 3 Matcher vun 9 géint déi 5 Konkurrenten gewonn (den Owend kéint e 4. dobäi kommen géint T71), sou wéineg huet keng Ekipp. Domat wieren d’Musel Pikes an engem 6-er-Vergläich net am Play-off. Am aktuellen 3-er-Vergläich tëschent Esch, Walfer an de Musel Pikes géife sëch Walfer an Esch dierfe freeën, d’Pikes wieren och do net mat dobäi. Een “Joker“, deen d’Pikes eventuell kéinten ausspillen, ass den direkten Duell géint Walfer, dofir misst et awer zu engem 2-er-Vergläich kommen. Deen gëtt et nëmmen, wann souwuel Pikes wéi och Walfer verléieren an Esch gewënnt.

Méi warscheinlech wéi e 6-er-Vergläich ass den Owend awer en Vergläich tëschent 3 oder och nach 4 Ekippen, och en 2-er-Vergläich ass nët ausgeschloss.

Aktuell sinn niewent dem Champion Gréngewald schonn 3 weider Ekippen qualifizéiert, nämlech den T71, Amicale an Ettelbréck. Egal an wéi engem “Mini-Championnat“, des Ekippen stinn nii op der leschter Platz. Allerdéngs kann all Resultat vun haut den Owend entscheedend ginn, well d’Mini-Championnater änneren, jee nodeem wéi eng Ekippen punktgläich sinn. Et gëtt spannend.

Wat ass e “Mini-Championnat“

Wann 2 oder méi Ekippen punktgläich sinn, gëtt eng néi Tabell gemaach nëmmen mat deenen 2 oder méi Ekippen an de Matcher déi dës Ekippen an der Saison géinteneen gespillt hunn. Do gëtt fir d’éischt gekuckt, weivill Punkten d’Ekippen um Konto hunn (2 Punkten fir eng Victoire, 1 Punkt fir eng Defaite). Stellt sech dann nach keen definitiv Resultat eraus, gëtt Punktendifferenz vun all de Punkten, déi an de Matcher tëschent den Ekippen geworf ginn sinn, gekuckt.

Artikel Hären –> Artikel_Hären

Par FLBB , le 26/01/2020 à 11:59