Spannung um Sonnden: Arantia, Sparta oder Racing?

Nodeems de Champion Etzella an den Opsteiger Hiefenech um Freiden konnt d’Play-offs erreechen, bleift um Sonnden um 18. Spilldag nach eng Entscheedung op … wien packt et als 6. Ekipp an d’Play-offs an der Total League: Arantia, Sparta oder Racing?

Dës Fro gëtt géint 19 Auer um Sonnden beäntwert, wann d’Matcher – dei net alleguer zäitgläich uginn – wäerten eriwwer sinn. Mir kucken eis déi verschidde Méiglechkeeten un.

Arantia Larochette
–> Wann Arantia géint de Racing gewënnt, steet Fiels an de Play-offs!

Racing Lëtzebuerg
–> Racing muss géint Arantia gewannen an gläichzäiteg muss d’Sparta géint Ettelbreck verléieren.
–> Wann Hiefenech verléiert an d’Sparta gewënnt, muss de Racing op méi wei 9 Punkten an der Fiels gewannen.

Sparta Bartreng
–> Sparta muss säi Match géint Ettelbréck gewannen an gläichzäiteg muss Racing géint Arantia op manner wei 9 Punkten gewannen an Hiefenech muss géint Esch verléieren! An dësem Fall géif eng 4-er-Grupp mat USH-Sparta-Racing-Arantia gemaach ginn an do hätt Sparta dann (eventuell) dat besser Kuerfverhältnis.

Gläichstand vun e puer Ekippen
–> Et ass ganz gutt méiglech, dass nom Sonnden wäerten e puer Ekippen punktgläich op de Platzen 5-8 stoën. An dësem Fall gëtt eng nei Tabell gemaach mat nëmmen de Matcher, dei dei Ekippen an der Saison geinteneen gespillt hunn. Dofir steet zum Beispill och Hiefenech schon sécher an de Play-offs, den Opsteiger huet 2 mol géint de Racing, 2 mol géint d’Arantia an 1 mol géint Sparta gewonn.

Artikel vum Freiden –>Friday_recap

Par FLBB , le 25/01/2020 à 17:25