Cathy Donckel am Interview: „Als Arbitter huet een keen Time-Out ze gutt“

Cathy Donckel ass eng jonk Basketarbittesch, déi op héchstem nationale Niveau päift. Am Interview erzielt d’Cathy, wéi et zu der Karriär als Arbittesch koum, wat Spaass mécht um Hobby an wat ee brauch, fir am Basket als Arbitter matzewierken.

Säit wéini bass du Arbittesch an wéi bass du dozou komm?

Ech hunn mat 18 Joer ugefaang an déi aktuell Saison ass meng 10. Saison als Arbittesch.
Ech hunn selwer gespillt an war an engem vun menge leschte Matcher extrem frustréiert iwwer den Arbitter. Doheem sot mäi Papp mir: „Wanns du mengs dass du dat besser kanns, dann mell dech!“ Doropshin hunn ech den Cours gemaach an dat huet mir besser gefall wei erwaart an sinn dobäi bliwwen.

Du päifs aktuell héchste nationale Niveau (Total League), ass et och en Zil eng Kéier international ze päifen?

Prioritéit ass de Moment fir mech kloer de Beruff, well ech meng Studien dofir gemaach hunn. Ausschléissen maachen ech et awer net – wann sech déi Chance eemol sollt ubidden op internationalem Niveau dann muss ech dat deen Ament selwer kucken.

Wat ass dat flott um Arbitter-Job?

Et gesäit een de Basket aus engem anere Bléckwénkel. Beim Päifen léiert een permanent eppes dozou, säi ganz Liewen laang. Et muss een léieren séier Decisiounen ze treffen, komplett objektiv ze sinn, Emotiounen zeréckstellen, Feeler agesinn, mat Kritik ëmgoen oder och nach Konflikter léisen. Beim Arbitter-Job ass d’Kommunikatioun mat allen bedeelegte Leit den “A an O“, esou wéi am richtege Liewen och, an dorun muss een konstant schaffen.

Wéi eng Erausfuerderungen ginn et um Abitterjob?

Fir d’éischt emol muss een d’Reegelen absolut beherrschen, do dierf een net zweiwelen. Eng Rei vun groussen Erausfuerderung sinn: Entscheedungen an ganz kuerzer Zäit treffen, vill Fangerspëtzegefill hunn an d’Spill antizipéiere kennen.
Den Arbitter-Job gëtt oft grondsätzlech als eppes Negatives ugesinn, wat net sou richteg mat Spaass verbonnen ass. Dat ass immens schued, well et en Hobby ass deen enorm vill Spaass mécht. Et léiert een vill Leit (aner Arbitteren, Spiller, Coachen, …) kennen an et ass och zum Deel dat wat eisen Job och ausmécht. Ech gesinn Spiller, déi ech demols, wou ech ugefang hunn mam Päifen, an der Jugend gepaff hunn, elo an der Total League erëm, dat ass super flott ze gesinn, wéi déi sech entwéckelt hunn.

Wei géifs du dem Ëmgang vun de Leit mat den Arbitteren beschreiwen?

Leider kënnt vun baussen net ëmmer deen néidegen “Versteesdemech“ fir d’Arbitteren. Mir hunn nämlech keen „Time-Out“ ze gutt, wann mir eng Kéier schlecht drop sinn oder keen gudden Dag hunn.
Dat ganzt Thema ass éischter fir en generelle Sujet. Hei muss een och differenzéieren tëschent dem Ëmgang um Terrain an ausserhalb vum Terrain. Respekt virun Leit ze hunn ass e soziale Problem, deen hautzedaags leider an ville Beräicher ze kuerz kennt, dat ass och keen nationalen mee en international Phänomen.
De Problem deen tëscht Arbitter-Spiller-Trainer an virun allem am Public existéiert, huet vläicht eppes Gemeinsames an zwar: dass een mam Grondkonzept vum Arbitrage muss averstane sinn. Am Kloertext heescht dat enger drëtter Partei den Rôle ginn neutral ze sinn, ze tranchéieren an den Devoir eng Decisioun ze huelen an net den Pouvoir eng Decisioun ze huelen – vir dass Spiller an Coachen sech op hiert Spill kennen konzentréieren.

Et misst e vill méi staarke géigesäitege Respekt tëschent all den Acteuren um Basketmatch bestoen (Arbitter – Spiller – Supporter – Coachen). Dat wënschen ech mir dass an deem Beräich eng Verbesserung méiglech wier. Et gëtt oft gesot Respekt wier eppes wat een sech verdénge muss, dat gesinn ech anescht, et sollt grondsätzlech Respekt tëschent alle Leit do sinn.

Et ginn net vill Fraen am Arbitter-Job, mécht dat et méi einfach oder schwéier?
Effektiv ginn et net vill Fraen, déi aktuell päifen. An mengen Aen ass et fir eng Fra net onbedéngt méi schwéier ze päifen, et huet een awer d’Gefill, wéi wann een heiansdo géif méi „getest“ ginn um Terrain.
Positiv zeréckhalen ass dass Spiller an Coachen just eppes erwaarden: dass de Match kontrolléiert iwwer d’Bün geet an dass een kompetent ass, egal op Mann oder Fra.

Wat brauch e jonken Arbitter deen well ufänken mat Päifen?
Et brauch een an éischter Linn Passioun fir de Sport. Donieft brauch een Ausdauer, net nëmmen physesch, mee och charakterlech), vill Courage fir unzefänken. Kloer ass et en decke Plus, wann een selwer gespillt huet, well een d’Spill besser liesen an verstoen kann.

Foto: Robert Straus
Par FLBB , le 28/02/2020 à 19:30