Cathy Schmit gouf fir 10 Joer Asaz an der Nationalekipp geéiert

An der Paus vum Lännermatch Lëtzebuerg – Kosovo gouf um Sonnden d’Cathy Schmit fir d’Engagement an der Lëtzebuerger Nationalekipp iwwer déi lescht 10 Joren geéiert.

D’Cathy setzt seng Karriär nach am Veräin bei de Musel Pikes fort. D’Cathy Schmit war ganz kloer eng Haaptspillerin vun de leschte Joren am Dammebasket an huet och oft Eenzelauszeechnungen kritt, eng virbildlech Karriär!

Hei kënnt Dir nach eng Kéier den exklusiven Interview mam Cathy Schmit liesen, deen virun ronn enger Woch hei um Site stoung –> Interview_Cathy_Schmit

Par FLBB , le 24/02/2020 à 15:42