Interview mam Cathy Schmit: „Simon an Mreches kennen meng Roll an Zukunft iwwerhuelen“

Cathy Schmit ass eng vun de beschte Lëtzebuerger Basketballspillerinnen. Iwwer Joren ass d’Opbauspillerin eng Haaptspillerin am Club Musel Pikes an och bei der Nationalekipp. Mam Kapitel Nationalekipp ass awer säit dësem Joer Schluss, e Sonnden gëtt d’Cathy um Lännermatch vun den Hären géint de Kosovo fir säin Engagement an de leschte Joren ausgezeechent.

Wisou ass elo de richtege Moment fir an der Nationalekipp opzehalen?

Engersäits aus perséinleche Grënn, well mir de Moment plënneren an doduerch natierlech Zäit feelt. Zudeem ass d’Nationalekipp ëmmer ganz zäitintensiv, do bleift kaum Zäit fir aner Saachen iwwreg. Ech hunn och d’Gefill dass ech d’Erfarungen vun den verschiddene Competitiounen esou lues duerchgemaach hunn an ech wollt ophalen ier et Routine gëtt. Doriwwer eraus ass de Nowuess an der Nationalekipp prett fir eng méi grouss Roll ze iwwerhuelen, d’Anne Simon an d’Catherine Mreches kennen meng Roll ganz gutt iwwerhuelen. Esou lues kommen ech och an en Alter wou een och net méi well 11 Méint d’Joer Ekippentraining hunn, mee och Zäit fir aner Saachen well hunn, éier een dann iergendwann eng eege Famill huet.

Wéi laang plangs du am Club bei de Musel Pikes nach aktiv ze bleiwen?

Am Club spillen ech op allefalls nach weider, ech kucken dat vun Joer zu Joer. Méi wei eng Saison gëtt et schonn nach, mee méi weess ech awer nach net.

E Sonndeg gëss du am Match géint de Kosovo vun der FLBB geéiert. Wat bedeit dir des Éierung?

D’Éierung ass e gudde Moment fir op déi 10 Joer Nationalekipp zeréckzekucken, déi ech gespillt hunn. Besonnesch op déi cool Erfarungen, déi een gemaach huet an d’Matspiller an Traineren, déi een kenne geléiert huet. Et ass och schéin e MERCI ze kréien, dat wichtegst war fir mech ganz kloer den Deel um Terrain, fir sech mat de Géigner ze moossen.

Du waars ëmmer eng Toppspillerin, wisou hues am Géigesaz zu anere Fraen net de Schrëtt an d’Ausland gewot?

Ech war e puer Mol um iwwerleeën an d’Ausland ze goen, eemol an d’Belge an och engkeier an Däitschland. Iergendwéi huet mer dat professionell Ëmfeld net esou zougesot, ech hat d’Gefill dass ech ech och hei am Land kéint weiderentwéckelen. Soubal een e Kontrakt kritt an Suen dofir kritt, steigt och den Drock, ech spillen an trainéieren mega gär, mee ech wollt ëmmer dass de Spaass nach am Virdergrond steet. Ech bereien et deemno net, ni an d’Ausland gaangen ze sinn, vläicht eng Kéier an 30 Joer (laacht).

Des Saison stinn d’Pikes am Ofstigsgrupp, wéi géifs du dei aktuell Saison bewäerten?

Mir stoungen eigentlech ganz gutt an der Tabell, mee innerhalb vun 8 Deeg hu mer eis souwuel aus dem Championnat wei och aus der Coupe erausgehäit. Et louch un Klengegkeeten, well d’Ekippen extrem no beieneen léien.

Wéi géifs du dei aktuell Situatioun am Dammebasket bewäerten?

Den Dammebasket steet net esou schlecht do wéi virun 4-5 Joer gefaart gouf. Mir hunn e kompetitiv Championnat mat 10 Ekippen, tëschenzäitlech ware mer op 7 Ekippen. Et hat een gemengt et kéimen net genuch Spillerinnen vun ënnen erop fir eng Liga mat méi Ekippen ze hunn, mee am Endeffekt war dat net de Fall.

Wann nëmmen mat enger Profispillerin géif gespillt ginn, missten déi Lëtzebuerger Spillerin méi Verantwortung iwwerhuelen, wat gutt wier an hinnen hëllefe géif. Et géif och Spillerinnen motivéieren, déi momentan keng grouss Roll an hirer Ekipp hunn. Momentan dominéieren d’Profispillerinnen de Match, doduerch kréie vläicht jonk Spillerinnen ni d’Chance eng gréisser Roll ze iwwerhuelen an ginn dann éischter méi wäit fort op d’Uni, well se net wéinst dem Basket wëlle hei an der Géigend studéieren. Sou ginn vill Talenter am Dammebasket verluer.

Wei vill Profispillerinnen sollten denger Meenung no um Terrain stoen an wisou?

Ech géif et besser fannen, wann géif mat enger Profispillerin gespillt ginn, well d’Lëtzebuergerinnen oft als Statisten um Terrain stinn an dat ass schuet. De Basket wier och méi interessant fir d’Zuschauer, well de Match méi vun de Lëtzebuerger gedroe géif ginn. Ech denken och, dass de Niveau net massiv géif erof goen, an enger éischter Phas misste sech d’Lëtzebuergerinnen erëm drun gewinnen Verantwortung ze iwwerhuelen, duerno géifen dann awer besser Spillerin doduerch entstoen. Global gekuckt wier et fir d’Entwécklung vun de jonke Spillerinnen deemno gutt, wann nëmmen eng Profispillerin pro Ekipp am Kader wier.

Virschau op d’Lännermatcher –> Virschau_Lännermatcher

Fotoen: FIBA

Par FLBB , le 22/02/2020 à 04:25