Etzella gewënnt géint Steesel an bleiwt Leader an der Tabell

Um Samschden gouf 1 Match an der Titelgrupp bei de Fraen gespillt. Dobäi huet sech d’Etzella knapp géint d’Amicale Steesel duerchgesat, woubal der Amicale bal e staarke Comeback gelonge wier. Um Enn gewënnt Etzella 88:84.

D’Etzella war no 10 Minutten 34:13 an Féierung! Steesel huet sech awer Punkt fir Punkt zeréckgekämpft, am 4. Véierel war et en oppene Match, mee d’Spillerinnen vun Ettelbréck hunn d’Nerven behal an 2 wichteg Punkten krut, woumat si och Leader an der Tabell bleiwen.

D’Lynn Schreiner konnt mat 24 Punkten iwwerzeegen, Kierra Anthony hat 30 Punkten um Kont. Och d’Annick Neiertz (13) an d’Lena Hetto (11) hunn vill Punkten markéiert. Bei Steesel konnt Leah Scott 31 Punkten markéieren an d’Spiller-Trainerin Erica Morrow koum op 33 Punkten, d’Esmeralda Skrijelj huet 9 Punkten an 17 Rebounds um Konto.

Statistiken –> Stats_Amicale_Etzella_Fraen

Um Freiden haten schonn Walfer an den T71 Victoiren geféiert –> Artikel_Freiden_Fraen

Artikel rtl.lu –> Artikel_RTL.lu

Par FLBB , le 15/02/2020 à 18:49