“Hoops for school“ formation in March for teachers

🇱🇺 Léif Enseignantinnen a Léif Enseignanten,
d’lescht Joer war den Interessi un der Formatioun „Hoops for Schools – Basketball am Schoulunterrecht“ esou grouss, datt leider net all Umeldunge konnten ugeholl ginn. Dowéinst bidden d’Basketballexperten Eric Jeitz an Adam Radomirovic d’Formatioun direkt dëst Schouljoer nach eng Kéier un.
Wann dir wëllt verstoen, wat hannert der grousser Euphorie vun de Kanner fir Basketball stécht, oder wann dir scho positiv Réckmeldungen iwwert eise Projet Hoops4Schools héieren hutt a méi doriwwer wësse wëllt, da zéckt net a mellt iech séier un, d’Plaze si rëm limitéiert. ⛹️‍♀️⛹️

🖊️ Aschräiwung / IFEN

Dës Formatioun gëtt vum INAPS – Institut national de l’activité physique et des sports a Kooperatioun mam IFEN organiséiert. Dir kritt praktesch Tipps an dat néidegt Wëssen mat op de Wee, fir spannend a flott Basketballstonne mat äre Schüler ronderëm den orange Ball ze gestalten. 🏀

Par FLBB , le 04/02/2026 à 21:17