Interview mam Nadia Mossong iwwer d’Karriär: „Profigeschäft ass net fir jiddereen »

D’Nadia Mossong ass säit e puer Deeg Ex-Profispillerin. Nadia huet sech no enger laanger Karriär dazou entschloss, dass d’Karriär als professionell Spillerin mat 34 Joer op en Enn kennt. An der Nationalekipp wäert d’Nadia allerdéngs anch aktiv bläiwen, eventuell gesinn mir d’Ex-Profispillerin och nach emol zu Lëtzebuerg an engem Veräin um Terrain.

Nadia, wisou ass elo de richtege Moment fir deng Profikarriär ofzeschléissen?
Eigentlech wollt ech just eng Saison an Italien bleiwen an duerno ophalen, mee well et mer do esou gutt gefall huet sinn et nach 3 Saison ginn. Ech hunn elo e Master-Diplom (Leadership and management) ofgeschloss an dofir ass elo de richtege Moment fir an d’Berufsliewen ranzeklammen nom Sport. Et ass allerdéngs ganz schued dass meng Karriär elo duerch de Virus esou op en Enn komm ass, ech hätt d’Saison an Italien ganz gären fäerdeg gespillt.

Wouhin kéint et dech fir deng néi Aufgab zéien an an wéiengem Beräich wells du schaffen?
Idealerweis bleiwen ech am Sportberäich, eventuell souguer zu Lëtzbuerg wann dat méiglech ass, am léiwsten opp jddefall an Europa.

Wäert de Basket als Spillerin weiderhin eng Roll an dengem Liewen spillen?
Dat hänkt natierlech vun menger neier Aarbecht of. Sollt ech beispillsweis zu Lëtzebuerg bleiwen, dann kéint et och sinn, dass ech nächst Saison an der Total League spillen.

Du wars an e puer Länner aktiv als Profispillerin, wou huet et dir am beschten gefall?
Dat war ganz kloer déi leschte Statioun an Italien, wou ech jo och 3 Joer bliwwe sinn. D’Géigend war enorm schéin, meng Ekipp war super an mir ware sportlech erfollegräich. Dat war eng schéin Zäit!

Wat sinn deng schéinsten Erennerungen un deng Zäit als Basketspillerin?
Ganz vill Momenter natierlech. Mat der Nationalekipp war et wou mer zu Lëtzebuerg Gold gewanne konnten bei de Spiller vun de klenge Länner, well dat och kloer eis Zil war virum Tournoi an mir dat erreecht hunn. Allerdéngs ass eng wéider super Ërennerung wéi mir an Serbien an enger voller Hal géint eng weltklass Ekipp gutt matgehalen haten an souguer déi géigneresch Fans eis nom Match fir Fotoen gefrot hunn (de Match ass 73:51 ausgang). Den Hinmatch zu Lëtzebuerg hate mir nämlech ganz héich verluer (38:132).
Als Profispillerin am Ausland war de gréissten Erfolleg dass mir an mengem éischte Joer als Profispillerin an Däitschland mat Osnabrück am Final Four gespillt hunn.
Zu Ettelbréck hate mir dann Coupe gewonnen, dat war en besonnechen highlight deen ech zu Lëtzebuerg erliewen duerft.

Gouf et och Zäiten, déi méi schwiereg waren?
De Profiberäich ass e ganz haarde Beräich, net jiddereen ass dofir gemaach. Fir déi meeschte SpillerInnen ass de Basket Spaass, wanns de awer dofir bezuelt gëss, dann muss d’Leeschtung stemmen. Logescherweis ginn et ëmmer Momenter, déi dann méi schwiereg sinn, do muss een dann einfach derduerch.

Wéi gesäis du d’Zukunft vun der Nationalekipp bei de Fraen?
Fir d’éischt emol sinn ech frou dass mir de Mariusz als Trainer behale wäerten, hien mécht do e ganz gudden Job. Wéi hien schonn richteg am Interview sot ( –> Dziurdzia verlängert Vertrag: „Die junge Mannschaft soll weiterentwickelt werden” (Interview) ) steet deemnächst e groussen Ëmbroch virun der Ekipp, well e puer méi erfuere Spillerinnen ophalen. Et muss een awer keng Angscht em eis Nationalekipp hunn, well do kommen e puer ganz jonk, talentéiert an motivéiert Spillerinnen no soudass mir do gutt opgestallt sinn fir d’Zukunft.

Dem Nadia seng Statiounen am Basket:
1) Jugendspillerin bei der Résidence Walfer / 1. Ekipp am Veräin
2) USA (Eastern Kentucky University)
3) Osnabrück (1. Profistatioun)
4) Belge (Sprimont, 2. Profistatioun)
5) Etzella (Lëtzebuerg)
6) Frankräich (Éveil Garnachois)
7) Däitschland (Chemnitz an Saarlouis)
8) Italien (Pallacanestro Bolzano)

Par FLBB , le 24/07/2020 à 16:20