Ken Diederich: „12 Veräiner an der Total League wier eng gutt Léisung“

Nodeems de Christophe Ney d’Situatioun analyséiert hat an schonn Iddien ginn huet, wéi een e neie Modus an der Nationale 2 kéint méí kompetitiv maachen (–> Christophe Ney: „Sportlechen Equiliber an der Nationale 2 muss fonnt ginn“ ), kennt elo de Ken Diederich mat senger Meenung zu Wuert.

Fir den Diddelenger Trainer ass et „schuet an net gutt fir de Basket, dass e Samschden keng Decisioun gefall ass. Mat der Corona-Situatioun gëtt et souwisou keng perfekte Léisung: Bei 14 Veräiner an der Total League leiden dei kleng Veräiner, bei 10 Veräiner fale Clibb aus der Liga eraus, dat huet menger Meenung keng aner Liga an Europa gemaach, iwwerall gouf opgestockt. E grousse Problem ass, dass all Veräin nëmmen no sech kuckt.“

Fir de Ken, deen schonn oft betount huet, dass hien am léiwsten mat engem Profispiller pro Ekipp géif spillen, wier eng Total League mat 12 Veräiner déi attraktiivste Léisung: „Mat 12 Veräiner an der Total League ze spillen wir déi beschte Leísung, do wiren Spiller an Trainer zefridden (och wann et elo fir Zolwer des Saison Pech wier, mee déi hunn eng jonk Ekipp an kéinten dann d’Saison drop den Opstig an d’Viséier huelen). Virun allem kéint een dann mam international agesaten Play-off-System 1-8, 2-7, 3-6 an 4-5 spillen, deen ganz attraktiv ass.

An dëser Rubrik schwätze mir mat Leit vun Veräiner, fir hir perséinlech Meenungen, Iddien a Virschléi zu engem neie Spillmodus ze präsentéieren. An dëser Diskussioun sinn all Iddien wëllkomm.

Par FLBB , le 18/05/2020 à 21:38