Mandy Geniets huet eng Profikarriär am Viséier

Wann an e puer Wochen déi éischt däitsch Bundesliga start, wäerten 2 Lëtzebuerger Spillerinnen dobäi sinn. Niewent dem Magaly Meynadier (XCDYE Angels Nördlingen) spillt och d’Mandy Geniets an der Liga, dat bei de Saarlouis Royals.

Momentan verbënnt d’Mandy e Studium an de Sportwëssenschaften mam Basketspillen, allerdéngs huet d’Nationalspillerin kloer Ziler: „Ech well mäi Studium ofschléissen fir en zweet Standbeen ze hunn, mee ech kann mir virstellen e puer Joer als Profispillerin aktiv ze ginn, wann sech eng Optioun ubitt. »

Lescht Joer war d’Mandy vum Verletzungspech verfollegt. „Mäin Zil ass et elo, séier erëm op 100% ze kommen. Ech well mech des Joer beweisen an eng wichteg Spillerin an menger Ekipp ginn an doduerch Erfarung sammelen. Als Ekipp ass d’Zil fir an d’Play-offs ze kommen. »

An der Saison wäert et och zum lëtzebuergeschen Duell tëschent dem Magaly an dem Mandy kommen. „Eigentlech gesinn ech d’Magaly just am Summer fir mat der Nationalekipp ze trainéieren. Hatt huet sech an de leschte Joren an der Liga e Numm gemaach, dat huet mech och motivéiert an ass mäin Zil fir dat nämmlecht hinzekréien. »

Eis Profien starten an d’Saison –> Eis 5 Lëtzebuerger Profien starten am Oktober an d’Saison (Interviews)

Par FLBB , le 04/10/2020 à 10:23