Eis 5 Lëtzebuerger Profien starten am Oktober an d’Saison (Interviews)

Fir déi kommend Saison wärten 5 SpillerInnen eis Land am Basketball op internationaler Bühn als Profisportler vertrieden. Dobäi sinn d’Lisa Jablonowski (Italien), Magaly Meynadier (Däitschland), de Ben Kovac (Holland), Alex Laurent (Éisträich) an den Thomas Grün (Däitschland) an Europa aktiv.

Iwwer déi lescht Deeg hunn eis 5 ProfispillerInnen hei um Site en Abléck ginn zur Virbereedung an zur nächster Saison, hei kënnt Dir all Artikel, Interviews oder Video-Interviews nach emol noliesen/nokucken/nolauschteren:
1) Lisa Jablonowski zum Trainingsoptakt an Italien: „Géigner mat schnellem Spill iwwerraschen.”
2) Magaly Meynadier: „Meng Matspillerinnen sollen ëmmer op mech zielen kënnen”
3) De Ben Kovac start seng Profi-Karriär (Video-Interview)
+ Video: Den Alldaag vum Ben Kovac an Holland (pre-season)
4) Alex Laurent aus Éisträich: „Ech sin den eenzege neie Spiller an der Ekipp – d’Ziler sinn héich”
5) Video-Interview mam Thomas Grün zum Start vun der pre-season zu Tréier

Wéini geet d’Saison un?
Eis ProfispillerInnen starten alleguer am Oktober an d’Saison:
– Bei eisen Dammen Lisa Jablonowski an Magaly Meynadier geet d’Saison am Oktober un, an Italien schonn den 4. Oktober, an Däitschland eréicht Enn Oktober.
– Bei eisen Hären start den Thomas Grün mat de Gladiators Tréier Mëtt Oktober (16.10) mat engem Heemmatch an der Arena Trier géint Heidelberg. Beim Alex Laurent an Éisträich geet d’Saison Ufank Oktober (4.) un an beim Ben Kovac an Holland ass den éischte Match den 3. Oktober.

Foto: Angels Nördlingen

Par FLBB , le 01/10/2020 à 15:06