Magaly Meynadier: „Meng Matspillerinnen sollen ëmmer op mech zielen kënnen »

D’Nationalspillerin Magaly Meynadier gett mat Nördlingen an eng wéider Saison an der däitscher Bundesliga. D’Virbereedung ass de Moment amgang: „Mir hunn spéit ugefang mam Training, mir ginn richteg Gaas am Moment an jiddereen ass extrem engagéiert. E Sonnden (20.09) spille mir eisen éischten Trainingsmatch, do kenne mir kucken wéi wäit mir schonn sinn », esou d’Lëtzebuergerin, déi eng ëmmer méi grouss Roll an der Ekipp iwwerhëllt. „Ech wëll esou wéidermaachen wéi lescht Saison an nach méi konstant spillen. Außerdem wëll ech eng Spillerin ginn, op déi sech déi aner verloosse kënnen, wann et net esou gutt leeft an ëmmer wéider kämpft. Als Ekipp hunn mir grouss Ziler, d’Play-offs wëlle mir onbedéngt areechen, idealerweis starte mir do op der 3. Platz, dat wir eng gutt Platzéierung. Donieft wëlle mir och an der Coupe esou wäit kommen wéi méglech.“

Iwwer de laange Summer huet d’Magaly sech och zu Lëtzebuerg fit gehal: „Am Ufank hunn ech vill doheem trainéiert, ech war lafen, Velo fueren, hunn Stabiübungen gemaach asw. Duerno war ech mat der FLBB 3 mol d’Woch um eenzeltraining an Kraafttraining. Virun allem hunn ech un menger Schnellegkeet, Explosivitéit an Foussaarbecht geschafft fir besser an de Schoss ze kommen. »

Eis aner Profien am Interview virum Start vun hirer Saison:
Alex Laurent –> Alex Laurent aus Éisträich: „Ech sin den eenzege neie Spiller an der Ekipp – d’Ziler sinn héich”
Thomas Grün –> Video-Interview mam Thomas Grün zum Start vun der pre-season zu Tréier
Ben Kovac –> De Ben Kovac start seng Profi-Karriär (Video-Interview)
Lisa Jablonowski –> Lisa Jablonowski zum Trainingsoptakt an Italien: „Géigner mat schnellem Spill iwwerraschen.”

Par FLBB , le 18/09/2020 à 18:58