Spuerkeess, our bridge to Basketball!

Mir wëllen eisem laangjäregen Partner – der Spuerkees – Merci soe fir hiert Engagement fir de Basket.

D’Spuerkeess ass en zouverlässegen a séchere Pilier vun der Lëtzebuerger Finanzplaz, ma awer och e wichtege Pilier fir eis Basketfederatioun.

Hier finanziell Ënnerstëtzung, déi si eis all Joer zoukomme léisst, léisst eng gutt Gestioun vun eise Kaderen an eise Championnater zou. Esou wéi d’Spuerkeess d’Nummer 1 ënner de Banken zu Lëtzebuerg ass, sou probéieren mir och eise Spiller déi selwecht Valeure vun Ambitioun, Asaz a Leeschtung ze vermëttelen fir datt si ëmmer hire Maximum ginn.

Mir bedanken eis op dësem Wee häerzlech bei der Spuerkeess fir hiert Engagement dat zanter Joren besteet a si frou esou staark Schëlleren als Partner ze hunn.

Par FLBB , le 06/07/2020 à 21:42