Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?

An der Rubrik “Wat mécht eigentlech schwätze mir mat fréiere BasketbspillerInnen. Nodeems de Peter Rajniak den Optakt gemach huet ( –> PETER_RAJNIAK_INTERVIEW ), huet hien sech gewënscht, dass de Frank Mangen als nächste Spiller befrot gëtt.

De Frank huet seng ganz Karriär bei der Résidence Walfer gespillt mat engem kurzen Sprong op Nanzeg.

Wéi eng Roll spillt de Basket momentan an dengem Liewen?
Ech war bis d’lescht Joer nach zu Walfer am Comité aktiv, do hunn ech awer dëst Joer opgehal well ech keng Zäit méi hunn, an ech denken dass et Zäit ginn ass dass aner Leit d’Relève iwwerhuelen . Ech sinn awer weiderhin en Walfer Supporter an hëllefen och bei méi groussen Evenementer. Ech hat mer och virgeholl méi dacks kucken ze goen an de Playoffs, mee dozou ass et leider net komm!

Wat ass deng schéinsten Erënnerung un de Basket?
Do ginn et der puer. Fir d’éischt emol di ganz Jugendnationalekippen, wou een Frëndschaften geschloss huet di haut nach unhalen. Dann natierlech mat 16 Joer di éischt Saison 1. Equipe, als Trainer den Gibus ( Philippe Giberti). Matt 17 op Nanzeg, wat eng komplett aner Welt fir mech war an och zimmlech haart am Ufank. Eis Saison mam Andy Wagner an der Nationale 2 wäert ech och ni vergiessen!

Wéi verfollegs du de Basket zu Lëtzebuerg?
Wie gesot war ech bis zu dëser Saison nach zu Walfer aktiv, an ech hunn bal all Match Statistiken vun Walfer gemaach! Seid dëser Saison hunn ech eng kleng Paus gemaach, an wann ech kucken gaangen sinn dann éischter op de Gréngewald, well ech do am Eck wunnen, an ech e puer Leit do kennen (si hunn gudden Gin, an d’Animatioun wärend de Matcher ass top)

Kucks du och internationale Basket?
Ech verfollegen am Prinzip keen internationalen Basket. Allerdéngs, wann Finalen sinn an der NBA, setzen ech awer heiansdo virun der Tele an probéieren net anzeschlofen! Op Treier sinn ech emol gefuer, wéi di nach an der Bundesliga gespillt hunn, mee ech mengen dat gesinn mer esou schnell net méi erëm, schued!

Par FLBB , le 22/04/2020 à 21:03