Carlo Ferrante: „Mir brauchen eng Ännerung“

De Carlo Ferrante ass Trainer vun der AS Zolwer an stoung beim Ofbroch vun der Saison op der 3. Platz am Opstigsgrupp, de Veräin hat nach gutt Chancen fir de Sprong an d’Total League eventuell ze packen. Fir e Veräin, deen virun kuerzem e komplette Neiopbau gemaach huet ass dat sécherlech eng ganz staark Leeschtung. Mir hunn mat him iwwer seng perséinlech Meenung zum Thema Spillmodus geschwat.

Wou d’AS Zolwer nächst Saison spillt, dat ass fir de Carlo Ferrante de Moment net prioritär: „Natierlech besteet de Moment eng Onsécherheet, wat onglécklech ass, mee mir huelen Decisioun esou wéi se kënnt. Et geet och net drëms, engem elo e Gefalen ze maachen mat engem Modus, mir brauchen fir de Basket eng Ännerung. An der Nationale 3 hunn des Saison 7 Ekippen gespillt, wann Kehlen elo ewechfält (dat stoung schonn an der Press, ass awer na net offiziell matgedeelt, mee ganz warscheinlech) dann stinn do nach 6 Ekippen, dat ass keng Liga fir mech. An deem Sënn hunn ech d’Propose vun 14-13 ganz gutt fonnt, do haten déi kleng Veräiner d’Méiglechkeet bei de B-Ekippen matzespillen wann se sportlech oder finanziell net kennen oder wëllen an der Nationale 2 matspillen. Wann de Veräin sech dann géif iwwer d’Jugendarbecht erëm géif erop schaffen, wier de Sprong zeréck an d’Nationale 2 jo méiglech.“

Weider Artikel aus dëser Rubrik:
Christophe Ney –> Christophe Ney: „Sportlechen Equiliber an der Nationale 2 muss fonnt ginn“
Ken Diederich –> Ken Diederich: „12 Veräiner an der Total League wier eng gutt Léisung“

An dëser Rubrik schwätze mir mat Leit vun Veräiner, fir hir perséinlech Meenungen, Iddien a Virschléi zu engem neie Spillmodus ze präsentéieren. An dëser Diskussioun sinn all Iddien wëllkomm.

Foto: Ant Deister

Par FLBB , le 19/05/2020 à 07:46