De Profi zu Lëtzebuerg – eng Projectioun an d’Zukunft!

Momentan ginn et der ganzer Sportswelt Diskussioune, wéini d’Kompetitiounen weiderginn. Am Lëtzebuerger Basket steet aktuell niewent der Fro vum “wéini“ och nach d’Fro am Raum “wéi“ et weidergeet. Aktuell ginn Proposen vun der FLBB an de Clibb analyséiert an zesummen diskutéiert. Wéinst der aktueller Kris ass d’Fro, wéi sech d’Clibb fir déi kommend Saison opstelle kennen, notamment wann et em d’Fro vun de ProfispillerInnen geet, déi bekannterweis e groussen Deel vum Budget vun engem Club an Usproch huelen.

Den T71-Präsident Marcel Wagener betount, dass „elo de Moment wier, fir nächst Saison eng Ännerung ze probéieren an dann ze analyséieren, wéi eng Auswierkungen dat op d’Zuschauerzuelen huet fir duerno eng laangfristeg Léisung ze sichen. Well mer de Moment awer (nach) keng Profidefinitioun hunn, bleift eis just d’Limitéieren vun de NET-JICL-Spiller.“

D’Limitéieren vun de NET-JICL-Spiller ass (net nemmen juristesch) keng Optioun, well et jo net drëms geet déi auslännesch Bierger vum Sport auszegrenzen an soumat all Diskriminatioun aus dem Wee ze goen. All Expat, Frontalier oder Flüchtling misst sech nämlech dann mat den richtegen Profien vergleichen… Dofir gouf an de leschte Méint un neien Ideeën geschafft.

Grad duerch déi aktuell Situatioun mam Covid-19-Virus huet d’Sportswelt op der Kopp, eventuell Sponsoren kéinte wéinst der Kris ewechfalen. „Déi meescht Clibb liewen vum Sponsoring, deen an schwieregen Zäiten wäert gekierzt ginn“, seet de Präsident vum Racing, den Georges Berna. „Mir sinn als Racing der Meenung, dass mer musse fort vum JICL- op e Profistatus an duerno an enger weiderer Phas festleeën, wéi vill Profien een well zouloossen. A long terme sinn mir dofir, dass nëmmen 1 Profi pro Ekipp um Terrain steet, soulaang keng Ambitiounen do sinn fir europäesch ze spillen.“

Genee esou eng Profidefinitioun ass elo ausgeschafft ginn vum neie CA-Member Christophe Nicolay (Interview-LINK –> Interview_Nicolay_Christophe ), deen optimistesch ass, dass eng Definitioun vum Profispiller vun de Clibb ënnerstëtzt gëtt. „D’Clibb wëllen kloer Reegelen un déi sech all Mënsch hale muss. Gläichzäiteg mussen mir als Federatioun en Usporn ginn Jugendaarbecht ze fërderen an dann den jonke Spiller Perspektiven ubidden. Dëst ass aktuell – wou verschidden Clibb en soit disant ‚Gentlemen Agreement‘ applizéieren – net garantéiert“. Wann d’Definitioun genuch Sécherheet bréngt, gelt et dono ze kucken, wéi vill Profispiller een pro Ekipp zouloosse well, woubäi hei ee grousse Konsens vun de Clibb am léiwste géif mat engem Profispiller untrieden. Laut enger inoffizieller Emfroo déi bei den Team-Captains aus der Total League duechgefouert gouf, fuerderen dest och méi ewéi 80% vun den Spiller. „Et ass elo an dësen Zäiten de richtege Moment fir Ännerungen mat engem laangfristegen Impakt fir de Basket unzehuelen, an dofir hoffen ech dass d’Clibb net just op hire sportleche succès kucken fir déi nächst 12 Méint, well dann riskéiere mir e puer Clibb ënnerwee ze verléieren“, esou de Christophe Nicolay weider.

Beim AB Contern ginn d’Iwwerleeungen och an Richtung vun engem Profispiller, sou de Francis Rollinger: „Elo ass et vläicht nach bësse fréi fir sech als Veräin festzeleeën, mee eis Tendenz geet ganz kloer an d’Richtung, dass mir an Zukunft nëmmen mat engem Profispiller untrieden. Wann den CA vun der FLBB eng wierklech gutt Propos ausschafft, mat der d’Veräiner zefridde sinn, wier dat sécherlech de richtege Wee.“

Par FLBB , le 09/04/2020 à 07:57