Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?

An der Rubrik “Wat mécht eigentlech“ ass d’Alex Kugener déi näschte Spillerin, nodeems de Peter Rajniak (Link –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak? an den Frank Mangen (Link –> Wat mécht eigentlech … de Frank Mangen? ) den Optakt gemaach haten.

D’Alex Kugener war iwwer Joren eng Haaptfigur am Dammebasket, ënner anerem huet d’Alex eng Rubrik “Kugi and friends“ um deemolege Site basketnews.lu gehat. Am Alter vun 5 Joer huet “Kugi“ ugefaang mam Basket zu Diddeléng an war am Veräin +/- 21 Joer aktiv, donieft huet d’Spillerin eng Rei vun Joren an der Nationalekipp gespillt.

Haut ass et méi roueg ginn an Basketkreeser em d’Alex, hatt huet sech eigentlech aus der Basketwelt zeréckgezunn.

Moien Alex, wéi eng Roll spillt de Basket momentan dengem Liewen?
A.K: De Basket spillt guer keng Roll méi bei mir. Ech hunn elo bei enger Challenge op facebook matgemaach, fir al Fotoen ze posten, do war et flott nach emol ze gesinn wéi eng Roll de Basket fréier an mengem Liewen gespillt huet.

Wéi verfollegs du de Basket zu Lëtzebuerg?
Ech ginn zou dass ech wat de Basket zu Lëtzebuerg betrefft momentan guernet informéiert sinn, souzesoen total OUT. Heiansdo sinn ech iwwerrascht, wann ech an de Medien Interviews gesinn, wéieng SpillerInnen an TrainerInnen elo an wéienge Veräiner aktiv sinn.

Gees du nach Matcher hei am Land kucken?
Nee, ech ginn schonn éiweg keng Matcher mei kucken, weekends profitéieren ech fir eppes mat Kolleegen ze maachen oder e Weekend fortzefueren.

Wat sinn deng bescht Erënnerungen un de Basket?
1.Championstitel 2003 wou mer eng super Equipe haten an ech mat der deemoleger Amerikanerin Cindy Kerns nach emmer eng ganz gutt Frëndschaft hunn.

2.Championstitel 2009 wou ech Chance hat deen entscheedende Kuerf ze schéissen fir den Titel

3. Meng lescht Saison wou mer nach Coupe gewonnen hunn.

4. Net ze vergiessen déi flott Momenter déi ech mat der Nationalequipe hat an onvergiesslech bleift Weltmeeschterschaft mam Lycee LGL an Israel 1999 ( wann ech mech net ieren an do waren den Här Mangen an Rajniak deemools och dobäi 😉 )

5. Dei allerschéinsten Momenter denken ech awer sinn déi wonnerschéin Frëndschaften déi ech iwwer d’Joren konnt sammelen an d’Momenter déi ech mat dëse Leit haut nach kann deelen.

Verfollegs du internationale Basket?
Dat Aktuelst wat ech fir d’Lescht gekuckt hun war op Netflix : “The Last Dance“ vum Michael Jordan (Dokumentatioun).

Par FLBB , le 26/04/2020 à 20:15