Wat mécht eigentlech en « team manager » ? De Roby Fehlen erkläert déi vill Aufgaben

Si sinn extrem wichteg an dach gett am Normalfall net vill iwwer si geschwat: “team manager“ sinn bei deene meeschte Clibb an der Total League standard. Wéi eng Aufgaben huet eigentlech en team manager wéi den Roby Fehlen, deen 6 Joer laang bei der Fraen Ekipp vun der Amicale Steesel als Manager aktiv war?

„Eng wichteg Aufgab ass, dass jidfereen an der Ekipp d’Gefill huet dass no engem gekuckt gëtt. Als Manager war ech eng Art Papp vun der Ekipp, et këmmert een sech em alles, wat ufällt, besonnesch op der perséinlecher Ebene“, sou de Roby Fehlen, deen mat de Steeseler Dammen eng ganz Rei Titelen konnt feieren. „Mir haten zu Steesel d’Zilsetzung, dass eis Dammenekipp op deem gläiche Niveau spillt wéi d’Hären an hunn deementspriechend fir d’Ekipp geschafft.“

Fir “team manager“ ass den Encadrement vun de Profispiller e wichtege Sujet. Administratif këmmert sech de Manager em d’Pabéieren an déi néideg Prozeduren, fir dass d’Spillerinnen hei sou séier wéi méiglech kënnen spillen. Donierft ass den team manager normalerweis deen, deen d’Spillerinnen um Findel als éischte gesäit an och als leschten, wann si ërem heem fléien. „Mat de neie Spillerinnen hunn ech um Ufank och en Tour duerch d’Land gemaach an hinnen zum Beispill d’Buergen am Éisleck oder den amerikanesche Krichskierfecht gewisen. Donierft war de Frigo ëmmer gefellt wann si ukomm sinn.“

D’Zesummenaarbecht mam Trainer ass ganz enk. De Roby Fehlen war op all Traininger present fir ze weisen dass hien fir d’Spillerinnen do ass, och wann hien, wéi hien selwer seet „näicht vun Basket versteet ». Enke Kontakt mam Trainer an der Kapitänin vun der Ekipp sinn permanent gefrot. An de Matcher hat hien dann Zäit, fir sech d’Matcher an vun der Tribün unzekucken, oft huet hien och gefilmt. Op der Bänk wollt hien net setzen fir dem Trainerteam do d’Feld ze iwwerloossen, och am Vestaire war hien net ze gesinn.

Dat flottsten un der Aufgab sinn dann fir de Roby Fehlen „déi perséinlech Kontakter, déi een mat den Spiller/innen huet. Et gesäit een jonk Spillerinnen, déi iwwer en Zäitraum an eng Ekipp eranwuessen, dat ass enorm schéin. »

________________________________________________________________________

Wat mécht eigentlech en « assistant-coach », dat huet eis de Pit Rodenbourg, aktuell och Assistant bei der Nationalekipp, virun e puer Wochen gesot –> Wat mécht eigentlech en Assistant-Coach? De Pit Rodenbourg erkläert seng (vill) Aufgaben

ENGLISH VERSION:

They are extremely important and yet there is not much talk about them: team managers are standard in most clubs in the Total League. What is the role of a team manager like Roby Fehlen, who worked for the Amicale Steesel women’s team for 6 years?

“An important task is that everyone on the team feels that they are being looked after. As a manager, I was kind of the father of the team, you take care of everything, especially on a personal level,  » says Roby Fehlen, who was able to celebrate a number of titles with the Steinsel women. « In Steinsel, our goal was for our ladies’ team to play on the same level as the men’s team and we worked for the team accordingly. »

For « team managers », the integration of professional players is an important subject. Administratively, the manager takes care of the paperwork and procedures necessary for the players to play here as quickly as possible. In addition, the team manager is usually the one who sees the players first at the airport and also the last one to see them when they fly back home. « With the new players, I also made a tour of the country at the beginning and showed them, for example, the castles in the North or the American war cemetery. Furthermore, the fridge was always filled when the players arrived. »

The collaboration with the coach is very close. Roby Fehlen was present at all training sessions to show that he is there for the players, even if he, as he says himself , « does not understand anything about basketball ». Close contact with the coach and the team captain is constantly required. During the matches he had time to watch in the stands or he often filmed. He did not want to sit on the bench to leave the field to the coaching staff, even in the locker room he was not to be seen.

The best part of the task is for Roby Fehlen “the personal contacts you have with the players. « You see young players growing up in a team over a period of time, which is really nice. »

Par FLBB , le 12/11/2020 à 20:45