Wat mécht eigentlech de Manou Scholtus?

Nächste Spiller an der Serie “Wat mécht eigentlech …“ ass de Manou Scholtus, deen seng Karriär komplett zu Hiefenech gespillt huet an do bekannt war fir säin gudde Worf aus der Distanz.

Wéi eng Roll spillt de Basket aktuell an dengem Liewen?

Den Basket spillt nach ëmmer eng wichteg Roll an mengem Liewen. Weekends steet 2t oder 3t Equipe zu Hiefenech um Programm an mir hunn all Mëttwoch Training. Ech spillen nach ëmmer gären Basket mee och einfach dat Zesummesinn mat den Teamkolleegen ass genau sou flott. Lo an der Corona Zäit wou mir net kennen Basket spillen, realiséiert en mol réischt, wei vill engem dat feelt.

Gees du reegelméisseg Matcher hei am Land kucken? Wann jo, wouhin an wéi eng Ekippen?

Ech hunn ëmmer just zu Hiefenech an fannen dat dann och normal weiderhin d’Jongen vun Hiefenech ufeieren ze goen. Ech gi reegelméisseg op Hiefenech kucken. Ech hunn déi Familiär Atmosphäre am Club gären an hunn och en gudden Kontakt mat den Spiller vun der 1ter Equipe, mat verschiddener hunn ech jo selwer nach zesummen gespillt.

Verfollegs du och internationale Basket?

Vun internationalem Basket kucken ech eigentlech just NBA. Ech hunn do verschidden Equippen respektiv Spiller deenen ech gären nokucken. Meng Lieblingsequippe ass Dallas Mavericks.

Wat sinn deng bescht Erënnerungen un deng Basketkarriär?

Wann en Fotoen vun fréier kuckt kommen vill flott Erënnerungen zréck. Et war ëmmer eppes Schéines wann en konnt virun enger flotter Kuliss spillen. Dat war fir mech virun allem 1998 an 2000 wou mir Coupe gewonnen hunn. Wann dann quasi ganz Hiefenech do war fir eis ze ënnerstëtzen an herno dann och nach zesummen gefeiert gouf, dat war schonn zimmlech cool.

Wien war dee beschte Lëtzebuerger Spiller géint deens du gespillt hues an all deene Joren an wat war un deem Spiller besonnesch?

Oh dat ass eng schwéier Fro. Et ass do schwéier ee Spiller erauszepicken. Ech hunn et ëmmer schwéier fonnt géint e grousse Spiller ze verdeedegen den awer och en gudden Schoss vun baussen hat, wei Martin Rajniak oder Sohrab Ziai. Och den Serge Maes huet mir et net ëmmer einfach gemaach, zum Gléck war dat dann just um Training 🙂

Wéider Artikel aus dëser Rubrik:
Alex Kugener –> Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?
Frank Mangen –> Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?
Peter Rajniak –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?

Par FLBB , le 29/04/2020 à 14:33