Fern Musquar: „Mir brauchen weiderhin eng Nationale 3“

De Fern Musquar ass Assistant-Coach beim BC Mess an huet sech déi lescht Wochen intensiv dofir agesat, dass et bei 3 Ligen am Basketchampionnat bleift. Mir hunn och mat him geschwat, wéi eng Iddien hien nach huet fir en interessante Spillmodus ze kréien.

Fir hien wier eng Léisung mat 2 Divisiounen sportlech oninteressant: „Vill Veräiner, virun allem déi kleng Veräiner, hunn net d’Méiglechkeeten fir do matzespillen. Fir d’Spiller wier de Reiz ze grouss, onbedéngt an der Total League ze spillen, wouduerch d’Veräiner an der Nationale 2 géifen Spiller verléieren.“ Et brauch deemno weiderhin eng Nationale 3, fir dass de Niveausënnerscheed net ze grouss gëtt. „An enger grousser Nationale 2 mat Veräiner aus der N2 an N3 kritt een sportlech gesinn keen Equiliber, dat ass net ëmsetzbar.“

Dofir proposéiert de Fern Musquar 12 Ekippen an der Total League. „Eng Propose, déi vun e puer Veräiner zesummen erschafft gouf, wier dass eng Total League mat 12 Veräiner organiséiert gëtt, woubäi een de Play-off-System 1-8, 2-7, 3-6, 4-5 kéint asetzen, well deen ass ganz beléift bei ville Leit. Déi lescht 4 Veräiner géifen an engem Play-down-Modus spillen, 2 Veräiner géifen erausfalen an den drëttleschte Veräin misst an engem Barrage-Playoff géint den 3. aus der Nationale 2 untrieden: An enger “best-of-three“-Serie géif dann décidéiert ginn, wien an der Total League spillt. Bei dësem Modus géif et op laang Siicht bei 12 Veräiner an der Total League bleiwen.“

Eng Alternativ zu dëser Propose wier eng Iwwerganssaison mat 12 Ekippen an der Total League an duerno en Zeréckgoen op 10 Clibb. Hei wier de Modus anescht: „An dësem Fall géifen Top 6 Veräiner an de Play-offs fir de Champion spillen, déi aner 6 Veräiner géifen an engem Play-down géinteneen untrieden an et géifen 4 Ekippen an d’Nationale 2 falen, 2 Ekippen aus der Nationale 2 géifen opsteigen, soudass een erëm op 10 Ekippen wier.“

Eng Fro, déi sech natierlech stellt, ass, wéi eng Veräiner déi 12 wieren, déi nächst Saison an der Total League spillen. Hei denkt de Fern Musquar, dass „d’Amicale Steesel eng Chance hätt de moralesche Gewënner vun der Situatioun ze ginn andeems de Veräin fräiwëlleg an d’Nationale 2 fale géif fir do mat hire jonke Spiller eppes Neies opzebauen. An deem Fall wier Platz fir Zolwer an der Nationale 1. Des Entscheedung wier zwar eng schwéier Decisioun fir Steesel, mee et wier sécherlech de falsche Wee nächst Saison mat 3 Profien unzetrieden, sou wéi een dat elo héieren huet.“

E Profistatus kënnt fir de Fern Musquar elo nach ze fréi, et kéint awer eng Limitéierung op 2 NET-JICL-Spiller aféieren, ënner der Kondiditioun dass „gläichzäiteg de Status vum JICL-Spiller gelockert gett fir dass Leit, déi an d’Land kommen, méi séier dierfen matspillen an anerseits fir sech géintiwwer Bréissel kennen ze verdeedegen.“

Foto: BC Mess

Wéider Artikel an dëser Rubrik:
Chistophe Ney –> Christophe Ney: „Sportlechen Equiliber an der Nationale 2 muss fonnt ginn“
Ken Diederich –> Ken Diederich: „12 Veräiner an der Total League wier eng gutt Léisung“
Adam Radomirovic –> Adam Radomirovic: „Eine Sonderregelung gegen Teams ohne Profispieler“
Carlo Ferrante –> Carlo Ferrante: „Mir brauchen eng Ännerung“

Par FLBB , le 20/05/2020 à 21:08