Wat mécht eigentlech de Luc Loesch?

Nächste Spiller an eiser Serie “Wat mécht eigentlech …“ ass de Luc Loesch, deen jorelang fir AS Zolwer aktiv war.

Wéi eng Roll spillt de Basket aktuell an dengem Liewen?
Meng zwee Kanner Spillen selwer Basket am Poussins an Pré-Pousins Bereich, dofir hunn ech selwer erëm all Weekend Kontakt (zumindest hat ech bis COVID 19 Krise) mam Basket. An selwer hëllefen ech en bësschen an der Jugendkommissioun vum AS Zolwer mat.

Gees du reegelméisseg Matcher hei am Land kucken? Wann jo, wouhin an wéi eng Ekippen?
Ech ginn heiansdo Zolwer kucken, mäi vu que dat ech all Weekend duerch Kanner an den Halen hänken, sinn d ‘éischt Équippë-Matcher en bësschen méi rare ginn.

Verfollegs du och internationale Basket?
Ech suivéieren Euroleague, NCAA an NBA Matcher soit iwwert sozialen Medien oder iwwert Fernsee.

Wat sinn deng bescht Erënnerungen un deng Basketkarriär?
Meng ganz Karriär war voller flotter Momenter, dat schéinst war eisen Championstitel 2001-2002 an ech hat och en puer flott Erënnerungen mat der Nationalaquipe

Wien war dee beschte Lëtzebuerger Spiller géint deens du gespillt hues?

Do ginn et der en ganzen Koup wou ech der kann nennen: Nelson Delgado, Gilles Becker, Mike Feyder, Ken Diederich, Marc Schiltz, Frank Muller, Tom Schumacher, Samy Picard, Yves Braun, Guy Schmit, Pierre Boever, Bob Adam, Gebrider Mangen, Marco Wagner, Christophe Baustert, Serge Maes, Mill Feltes, den Manou Scholtes an sorry fir all die, déi ech vergiess hunn

Wéider Artikel aus dëser Rubrik:
Alex Kugener –> Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?
Frank Mangen –> Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?
Peter Rajniak –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?
Manou Scholtus –> Wat mécht eigentlech de Manou Scholtus?

Par FLBB , le 05/05/2020 à 20:45