Wat mécht eigentlech de Bob Adam?

Nächste Spiller an eiser Rubrik “Wat mécht eigentlech …?“ ass de Bob Adam, deen jorelang zu de beschte Spiller am Land gezielt huet.

WEI ENG ROLL SPILLT DE BASKET AKTUELL AN DENGEM LIEWEN?
Natierlech spillt de Basket nach ëmmer eng Roll am mengem Liewen, wann och net méi esou eng grouss wéi dat de Fall war wie ech nach gespillt hunn. Ech sinn beim AB CONTERN Jugendtrainer säit enger Rei Joren. Do hunn ech 3x d’Woch Training plus de Weekend Match, heiansdo och mol 2 Matcher. Dat mécht mir vill Spaass, ech leieren vill motivéiert jonk Spiller kennen deenen ech mengen vill kann mat op de Wee gi. Ech ënnerhalen mech och reegelméisseg mat menger Schwëster iwwert de Basket zu Lëtzebuerg. Meng Schwëster ass bei der Amicale Steesel a mécht do Jugendkoordinatioun.

GEES DU REEGELMEISSEG MATCHER HEI AM LAND KUKEN? WA JO, WOUHIN AN WIE ENG EKIPPEN?
Ech ginn net oft Matcher kucken. Wann, dann d’Heemmatcher vum AB Contern.

VERFOLLEGS DU OCH INTERNATIONALE BASKET?
Nee, maachenn ech net.

WAT SINN DENG BESCHT ERENNERUNGEN UN DENG BASKETKARRIÄR?
Do gëtt et der eng ganz Rei … meng Karriär war laang 😉
Schéin Momenter waren mat Sécherheet meng Championstitelen mam Racing an mat Contern. Mam Racing hate mir och d’Coupe de Luxembourg gewonn. Dat war och e grousse Moment.
En aneren Highlight waren sécherlech d‘Spiller vun de klenge Länner, haaptsächlech 1995 hei zu Lëtzebuerg wou mir d‘ Sëlwermedaill gewonn haten.

WIEN WAR DEE BESCHTE LËTZEBUERGER SPILLER GEINT DEENS DU GESPILLT HUES?
Joker! 😊
Déi Fro ass net esou einfach ze beäntwerten … et ass schonn esou laang hir. 😉
Et gouf e puer Spiller déi mir d‘ Liewen um Terrain schwéier gemaach hunn …. méi wëll ech dozou net soen.

Wéider Artikel aus dëser Rubrik:
Alex Kugener –> Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?
Frank Mangen –> Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?
Peter Rajniak –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?
Manou Scholtus –> Wat mécht eigentlech de Manou Scholtus?
Luc Loesch –> Wat mécht eigentlech de Luc Loesch?

Par FLBB , le 11/05/2020 à 20:22